Regierungsremaniement a Claude Wiseler ante portas

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren - si analyséiert déi national an déi international Aktualitéit ...
E Regierungsremaniement en vue an de Claude Wiseler prett, fir d'Oppositioun zréck an d'Regierungsresponsabilitéit ze féieren - national Sujeten, déi interesséiert hunn déi leschten Deeg.
Da sinn et d'politesch Nobiewen nom Brexit an eng interessant Auditioun iwwert d'Verfassungerevisioun an der Chamber.
Am leschte Presseclub virun der Summerpaus hu mer awer och op d'Aarbecht vun der Regierungskoalitioun zréckgekuckt.
Invitéen e Sonndeg waren
de Christoph Bumb aus dem Wort,
d'Michèle Sinner aus dem Land,
de Raymond Klein vun der Woxx ,
den Nic. Dicken aus dem Journal
an de Lucien Montebrusco aus dem Tageblatt.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.