Rentrée Parlementaire, Kierchefabriken, Petitioun 698, ...

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren - si analyséiert déi national an déi international Aktualitéit ...
An enger Woch ass d'Rentrée Parlementaire: deen Ament geet och fir d'Deputéiert nees den Eescht vum Liewen un. Et leien nach vill Projeten am Tirang, heescht et vun den Regierungsparteien an d'Oppositioun huet sech och esou Muenches virgeholl.
Wat kann een di nächst Chambersessioun vun den Parteien erwaarden? Wéi eng Projete wäerten dëst Joer nach op den Instanzewee goen?
Dës Froen an nach anerer hu mer e Sonndeg an eisem Presseclub gekläert. Aner Theme waren d'Konventioun tëscht Kierch a Staat, d'Petitioun iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch an de Wahlkampf an den USA.
Et hu matdiskutéiert:
De Luc Caregari vun der Woxx
De François Aulner vum 100,7
Den Nick Dicken vum Journal
Den David Marques vum Quotidien
An de Christoph Bumb vum Wort
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.