D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren - si analyséiert déi national an déi international Aktualitéit ...

Trotz gudden ekonomeschen Chifferen deposéiert d'Regierung e Budget, deen am Zentralstaat en Defizit vu ronn enger Milliard Opweises huet. Och gëtt en Emprunt geholl.

Ass dëst dee richtege Wee?

Gëtt d'Land mat deem Budget genuch op d'Defie vun der Zukunft preparéiert?

Ass d'CSV hirersäits mam designéierte Spëtzekandidat Claude Wiseler op de Wee zréck an d'Regierung preparéiert?

Nation branding an Anti-Fräihandelsaccord-Manifestatiounen ... alles Sujeten op déi mer am Presseclub dës Woch ze schwätze komm sinn.

Invitéeë waren:

de Marc Schlammes aus dem Wort,

de Richard Graf vun der Woxx

d'Michèle Sinner aus dem Land

an de Robert Schneider vum Tageblatt.

AUDIO: De Presseclub (16. Oktober 2016)

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.