D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren - si analyséiert déi national an déi international Aktualitéit ...

Huet de wallounesche Blocage vu CETA der EU geschuet? Sinn d’Verbesserunge bei de Leeschtunge vun eiser Gesondheetskeess e logesche Schrëtt? A ginn d’US-Presidentewahlen eng kloer Affär?

Dëse Sonnde waren d'Invitéen am Presseclub:

De Claude Karger vum Journal
De Lucien Montebrusco vum Tageblatt
Den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
An d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.

AUDIO: De Presseclub (30. Oktober 2016)

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.