D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren - si analyséiert déi national an déi international Aktualitéit ...

Wéi geet et no der Wiel vum Donald Trump zum US-President virun? Wat fir e Wuesstem brauch Lëtzebuerg, wann iwwerhaapt? A wéi e Schued gëtt et duerch den net-Changement an der Regierung?

E Mëttwoch de Moie koum en amerikanesche Walkampf fir d'Wäisst Haus vun exécrablem Niveau mat der iwwerraschender Victoire vum republikanesche Kandidat Donald Trump op en Enn. De Mann, deen an där Walcampagne vill Porzeläin zerschloen, fir ganz vill béist Blutt a fir de Gros vun de verbalen Derapagë gesuergt huet, krut um Enn zwar manner Stëmme wéi d'Demokratin Hillary Clinton, hat awer méi Walmänner a -fraen op senger Säit, v.a. well hien déi sougenannt Swing States quasi all fir sech entscheet huet. No där Victoire bleiwen, wéi virdrun, vill Froen opstoen, ë.a. déi, wéi de Mann sech um internationale Parquet bewegen a wéi hien d'Vereenegt Staaten eventuell ëmmodeléiere wäert.

Mir hunn eis an dësem Presseclub donieft mat den Diskussiounen, heiheem, iwwert de Wuesstem vum Land befaasst, déi e Méindeg mat der Presentatioun vun der sougenannter Rifkin-Etüd hiren Héichpunkt fanne sollen, a mam net-Wiessel an der Regierung, nodeems den Henri Grethen seng Kandidatur fir d'Presidence vum Spuerkeess-Verwaltungsrot zréckgezunn huet.

AUDIO: Presseclub vum 13.11.16

Invitéeë waren de Christoph Bumb vum Lëtzebuerger Wort, de Claude Karger vum Journal, de Raymond Klein vun der woxx an den David Marques vum Quotidien.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.