Erdogan, LSAP-Campagne, Trump ...

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit analyséiert ...
D'Tierkei an d'Negociatiounen mat der Europäescher Unioun, déi sougenannten Affäre Lunghi, d'kontrovers Campagne "Madame on Tour" an d'USA an der neier Ära Trump - et war nawell ee chargéierte Programm fir d'Kollegen e Samschdeg de Moien am Presseclub.
Zemools well nom Dout vum Fidel Castro nach een Thema dobäi kënnt.
Knapps een halleft Joerhonnert laang stoung de Revolutiounsleader un der Spëtzt vun senger Insel. Kaum een Mënsch huet di modern Geschicht vu sengem Land esou geprägt, wéi den Maximo Lidér, Fidel Castro.
Och wann et an de leschte Jore méi roueg ëm hie ginn war a Kuba antëscht esouguer nees Relatiounen mat den USA huet, esou dierf een awer net vergiessen, datt de Castro Land a Leit joerzéngtelaang fest am Grëff hat. Op der enger Säit hat di ganz Populatioun ee Recht op Educatioun an Dokteren, ewechgeholl awer krute se ënnert anerem d'Recht op eng fräi Meenung. D'Reaktiounen op säin Dout sinn entspriechend ënnerschiddlech.
Wat bleift nom Dout vum Maximo Lider? Wéi wäit geet di Ouverture nach, déi säin Brudder Raul zanter e puer Joer praktizéiert an dierften sech d'Relatiounen elo nach verbesseren?
En anere Sujet war d'Relatiounen tëscht der EU an der Tierkei. Dausende Polizisten, Riichter, Journalisten an Enseignanten goufen nom Putsch an der Tierkei vum Erdogan-Regime agespaart, d'Rechtstaatslechkeet gouf an de leschte Wochen a Méint a ville Punkten a Fro gestallt. Sou geet dat net, seet d'Europaparlament an fuerdert ee Stopp vun den Bäitrëttsnegociatiounen.
Ma verléiert d'EU domadder awer net di lescht Méiglechkeet, op de President Erdogan an seng AKP anzewierken? Oder wéini ass de Punkt erreecht, op deem ee seet: Stop, sou geet et net virun.
Aner Themen wéi gesot sinn di kontrovers LSAP-Campagne, den Donald Trump an di sougenannten Affäre Lunghi.
Et hu mat diskutéiert:
D'Dany Schumacher vum Wort,
den Nic Dicken vum Journal,
den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt,
den Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land
an den Richard Graf vun der Woxx
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.