D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit analyséiert ...

Mat der Steierreform geet dat drëttlescht Joer vun der Dräierkoalitioun op en Enn - wat bleift bei der Press als politesch Highlighten vun 2016 iwwreg a wou goufen Jalonen gesat?

Dat hu mer e Sonndeg am Presseclub nogefrot.

Mir hunn awer och iwwert d'PISA-Resultater diskutéiert, de Gehälteraccord beim Staat an d'Causa Lunghi/RTL/Bettel.
International dominéieren d'Wahlresultater an Italien an Éisträich.

Am Presseclub um Sonndeg hu matdiskutéiert:

d'Josée Hansen aus dem Land
de Luc Caregari vun der Woxx
de Marc Schlammes aus dem WORT
an den David Marques vum Quotidien.

AUDIO: Presseclub vum 11.12.16

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg tëscht Véierel op 11 a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.