Sponsored ContentRobotesch Chirurgie: D‘Experte kommen zu Lëtzebuerg zesummen

HRS
© HRS

Robotesch Chirurgie: D‘Experte kommen zu Lëtzebuerg zesummen

D'Chirurgie mat Hëllef vu Roboteren ass keng Science-Fiction méi. An der Orthopedie an an der Urologie ass dat zu Lëtzebuerg zanter zéng Joer eng Realitéit. De 26. September 2026 organiséiert d'Fondation Hôpitaux Robert Schuman e Symposium zu dësem Thema. D’Event ass fir jiddereen op: Eng Geleeënheet, nozelauschtere wéi Experten aus der MedTech, also der medezinescher Technologie hir Kompetenzen zesummenzebréngen.

An der Medezin huet all Innovatioun datselwecht Zil: d'Patienten nach besser ze behandelen. Zéng Joer no der Aféierung vun der „Chirurgie robotique“ bei orthopedeschen an urologesche Krankheetsbiller bestätegen d'Doktere vun den Hôpitaux Robert Schuman déi konkrete Plus-value vun dëser Technologie.

© HRS

E Virdeel fir d'Dokteren an och d'Patienten

An der Chirurgie, an dësem Fall der Orthopedie oder Urologie, zielt all Millimeter. Genee do kënnt d'robotesch Chirurgie an den Asaz: Si ersetzt net d‘Chirurgen, mee erhéicht wesentlech hier Präzisioun. Mat Hëllef vun enger 3D-Kaart vum Patient an engem robotiséierten Aarm gëtt de chirurgeschen Agrëff méi exakt duerchgefouert.

Och fir de Patient verbessert sech de Behandlungsverlaf däitlech: Den Agrëff dauert manner laang, ass manner invasiv, an d'Erhuelung verleeft méi séier a méi komfortabel. Eng Prothees oder en Implantat, dat méi genee agesat ass, bedeit dacks eng Rehabilitatioun mat manner Péng.

© HRS

Um neiste Stand vun der Entwécklung bleiwen

Zënter dem Kaf vum éischte MAKO®-Roboter am Joer 2016 waren d'Hôpitaux Robert Schuman Virreider an dësem Beräich am Grand-Duché. Zéng Joer a méi wéi 3.500 Hëft- a Knéiprotheese méi spéit entwéckelt sech dës Expertise weider. Dobäi stellt sech haut eng nei Fro: Wéi wäit kann „augmented reality“ nach am Operatiounssall agesat ginn?

Dës Fro, an nach vill aner, stinn am Mëttelpunkt vum Symposium sur la Robotique et la Réalité Augmentée, deen d'Fondation Hôpitaux Robert Schuman de 26. September 2026 organiséiert. Am Auditorium BGL BNP Paribas treffen sech Chirurgen, international Experten an Acteuren aus dem MedTech Secteur, fir hir Erfarungen a Wëssen auszetauschen an d‘Méiglechkeete vun der Medezin vu muer ze weisen. Mat dësem Event ënnersträicht Lëtzebuerg de Wëllen, sech och weiderhin un der Spëtzt vun den internationale Gesondheetsstandarden ze positionéieren.

Egal ob Dir selwer betraff sidd, engem Patient no stitt oder einfach un de medezineschen Entwécklungen interesséiert sidd: D'Deelhuelen um Symposium ass gratis a fir jiddereen op Umeldung op.

👉 Programm entdecken an umellen

Back to Top
CIM LOGO