Sponsored ContentD'Arméi, eng dynamesch an innovativ Institutioun!

RTL Lëtzebuerg

Déi professionell Arméien an der Welt offréieren haut des Daags all eng grouss Villfältegkeet u Beruffer, déi wäit iwwert dat militärescht erausginn an och Aspekter wéi humanitär Hëllef an zivil Aktivitéitsberäicher mat ofdecken. Dat gëllt och fir déi Lëtzebuerger Arméi.

Mat dem neie Gesetz iwwert d'Organisatioun vun eiser Arméi, sinn nei Rekrutementsweeër mat erabruecht ginn. D'Karriär A2, op Basis vun engem Bachelor, erlaabt e méi breede Rekrutement. Vun elo u bitt déi nei Karriär vum Ënneroffizéier B1 nei professionell Méiglechkeeten. Iwweregens ass deen nächsten Opnamexame vum 8. bis den 19. Januar 2024 ageplangt. Dir fannt méi Infoen iwwert dës nei Dispositiounen op dem Site vun der Arméi ; armee.lu, an dir kënnt iech och do direkt aschreiwen.

Ganz fréi an deene verschidde Corpsen engagéiert, hunn déi jonk Zaldote*innen de Choix fir sech ënner verschiddene Formen a fir verschidden Ziler ze forméieren. Déi Lëtzebuerger Arméi engagéiert an deem Sënn, fräiwëlleg Zaldoten*innen, Kaporalen, Ënneroffizéier an Offizéier souwéi och zivil Personal fir hir verschidde Missiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland duerchzeféieren.

Déi Lëtzebuerger Arméi ass, an enker Zesummenaarbecht mat internationalen Organisatiounen, bei Friddensmissiounen am Ausland engagéiert. Eis Zaldoten*innen sinn oft an den éischte Reie wann et ëm d'Schütze vu Populatioune geet, wann et heescht Maintenanceaarbechten duerchzeféieren oder bei der Entwécklungshëllef matzemaachen. Fir nëmmen e puer Beispiller ze zitéieren ; eis Arméi war engagéiert an Ex-Jugoslawien an Osteuropa, am Noen a Mëttleren Orient an an Afrika.

D'Arméi ass e solidaresche Corps an deem sech jiddereen erëmfannen an och Pleséier soll hu fir déi verschidde Missiounen déi him opleien auszefëllen. Déi Lëtzebuerger Arméi ass do fir déi national Sécherheet ze garantéieren, souwéi och deen een oder anere sensibele Site am Land ze protegéieren oder fir Operatioune bei Naturkatastrophen oder bei aneren uergen a geféierleche Situatiounen ze koordinéieren.

Op et sech ëm Kommando, Opklärung, Maintenance, Dronen, Satellitten, Logistik, Gesondheet, Handwierk oder Musek handelt, d'Méiglechkeeten an der Arméi si villfälteg an d'Lëtzebuerger Arméi stellt permanent an, a behält déi motivéiertst Kandidaten zeréck.

Egal op wéi engem Terrain, d'Kohesioun, d'Expertise an de Professionnalismus vun de Lëtzebuerger Zaldoten*innen ginn hei am Land, wéi och op internationalem Niveau, vu ville Partner geschätzt.

Gestäerkt duerch hire Gemeinschaftsgeescht, ass déi Lëtzebuerger Arméi eng dynamesch an innovativ Institutioun. Wichteg Investissementer fir neit Equipement an nei Infrastrukture sinn am gaange realiséiert ze ginn. D'Arméi passt sech den aktuelle politeschen, sozialen, militäreschen an technologesche Konditiounen u fir d'Erausfuerderunge vu muer kënnen ze meeschteren.

www.armee.lu

Back to Top
CIM LOGO