
E Freideg de Mëtteg huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an engem Communiqué matgedeelt, dass een de Kontrakt vum Nationaltrainer Jeff Strasser fréizäiteg verlängert huet. Säin aktuelle Kontrakt wier nach bis den 31. Dezember 2026 gelaf. Den neie Pabeier geet bis den 30. Juni 2028.
Den FLF-President Paul Philipp betount, dass ee mat där Verlängerung e staarkt Zeeche vu Vertrauen a Kontinuitéit géif setzen. De Jeff Strasser géif de Lëtzebuerger Futtball, seng Strukturen an Ambitioune perfekt kennen. Et wier een iwwerzeegt, dass de Jeff Strasser déi richteg Persoun ass, fir d'Entwécklung vun der Nationalekipp virun ze dreiwen.
De Jeff Strasser seet der Federatioun, dem Verwaltungsrot an och dem President Merci fir d'Vertrauen, dat een him entgéint bréngt.
D'FLF-Nationalekipp ass déi nächst Woch nees am Asaz. E Mëttwoch spillen d'Rout Léiwen am Stade de Luxembourg e Frëndschaftslännermatch géint Italien, ier et puer Deeg méi spéit e Match auswäerts an Albanien ass.