57. EditiounDëse Weekend ass nees d'Marche Internationale zu Dikrech

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an e Sonndeg ginn am Norde vum Land erëm d'Wanderschong gestréckt!
© Ketty a Rom Hankes

Et ass schonn déi 57. Editioun vun der Marche Internationale, déi zu Éiere vum Jang dem Blannen ofgehale gëtt an all Joer nees Wanderer aus aller Welt ulackelt. D'Marche Internationale huet eng laang Traditioun, déi op 1968 zeréckgeet. Deemools gouf zu Lëtzebuerg den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft. Fir sech net aus den Aen ze verléieren, haten eng Rei Leit decidéiert, sech eemol d'Joer fir ee groussen Trëppeltour ze gesinn. Esou ass den Arméismarsch entstanen, un deem deemools 268 Persounen deelgeholl haten.

Antëscht sinn et all Joer Dausende Wanderer aus aller Welt, déi deelhuelen. 2024 sinn zum Beispill eng 1.500 US-Zaldoten aus Polen ugereest, fir matzetrëppelen. Den Event ass awer fir all Mënsch, net just fir d'Militär. D'Membere vun der Arméi an d'Zivilisten, déi matginn, kënnen tëscht dräi verschiddene Wanderweeër wielen: 40 Kilometer, 20 Kilometer oder 12 Kilometer. Déi verschidde Parcourse kënnt Dir Iech hei ukucken.

Weider Infoe fannt Dir op marche.lu.

Wéi gëtt d'Wieder?

Och wann et déi ganz Woch sonneg war, sollt ee seng Reejackett net vergiessen. Aktuelle Previsiounen no mussen d'Marcheuren e Samschdeg am Nomëtteg domadder rechnen, naass ze ginn. De Reeradar weist aktuell, dass tëscht 14 a 15 Auer éischt Donnerwiederen den Norde vum Land wäerten treffen. Bis an d'Nuecht era kënnt et ëmmer nees zu Schaueren, respektiv Donnerwiederen. Et gëtt dann och zimmlech schmeier, well tëscht 25 an 30 Grad gemellt sinn.

Och e Sonndeg ass punktuell déi eng oder aner Schauer méiglech, woubäi et awer am Laf vum Nomëtteg éischter dréchen dierft bleiwen. Och d'Temperature si méi agreabel virausgesot mat 22 bis 27 Grad.

D'Fotosgalerien vum leschte Joer kënnt Dir Iech hei ukucken

Back to Top
CIM LOGO