
Sidd Dir der Meenung datt et méiglech ass eppes ze maachen ouni sech mussen ze deplacéieren? Zënter 2020 ass et bewisen datt ee ka Liewe retten andeems een doheem bleift. Haut, um Weltdag vun der Solidaritéit, weise mir Iech wéi Dir Iech op vill verschidden Aart a Weise kënnt engagéieren.
Engagement ass ee grousst Wuert. Et huet vill Bedeitung am juristeschen oder politesche Kontext, awer och am soziale Secteur. Wat mir haut wëllen ënnersträichen ass d'Engagement als Verspriechen eppes fir eng aner Persoun ze maachen, aus Solidaritéit. Et gi vill verschidde Méiglechkeeten sech z'engagéieren. Et geet awer dorëms, déi richteg Manéier fir sech ze fannen andeems een sech déi richteg Froe stellt:
Ab do ginn et vill Méiglechkeeten eppes ze bewierken. Duerch déi nei Technologien si vill Dieren opgemaach ginn, fir séier an einfach eppes kënnen ze maachen. Kennt Dir Lilo, eng solidaresch Sichmaschinn? De Prinzip ass einfach: et sammelt ee Waasserdrëpsen andeems een d'Recherchen am Internet op Lilo mécht. Déi Drëpse kann een dann engem Projet ginn dee vu Lilo validéiert ass. Ganz konkret: Dir kënnt Sue spenden andeems Dir Är Recherchen am Internet maacht. Wat méi Leit dëst maachen, wat den Impakt méi grouss gëtt.

Da gëtt et och „GivenGain“, eng Plattform déi et jidderengem erlaabt „Fundraiser“ ze ginn an eng Aktioun fir eng Häerzensugeleeënheet ze maachen. Dobäi këmmert sech „GivenGain“ ëm deen techneschen Deel vun der Spendenaktioun. Eng Iddi kéint et sinn datt ee Leefer sech bei senger nächster Course duerch seng Frënn a Famill sponsere léist an d'Spend dann un ee Projet gëtt, deen der Persoun wichteg ass. Anerer kënnen ee Kach-Challenge oder een Origami-Cours organiséieren an d'Recetten dovun un eng Associatioun weiderginn.
Jiddereen huet eppes wat hie ka mat aneren deelen. Hutt Dir een Talent fir ze bitzen? Wësst Dir wéi een en CV gutt presentéiert? Äert kulinarescht Kënne léist Är Famill dohischmëlzen? Dee wichtegsten Deel am Engagement ass d'Intentioun. Wéi dëst verwierklecht gëtt, ass Ärer Fantasie iwwerlooss.
Wësst Dir wat „Giving Tuesday“ ass? No Thanksgiving, Black Friday, Cyber Monday…, ass #GivingTuesday, een einfachen Hashtag dee reegelrecht zu enger weltwäiter Solidaritéitsaktioun ginn ass, eng weider Méiglechkeet fir Engagement ze weisen.
Aner Leit iwwer een Thema sensibiliséieren, also mat hinnen driwwer schwätzen ass och eng Form vun Engagement, si ass universal an esou al wéi d'Mënschheet selwer. Sensibilisatioun dréit dozou bäi sozial Norme wéi Generositéit, Empathie, Matgefill opzewäerten. Si vergréissert och Ären Impakt an inspiréiert Äert Ëmfeld. Dofir: kommentéiert, deelt, diskutéiert ... De Raoul Follereau sot: „ Ee Laache kascht näischt, a mécht vill.“
Zënter 57 Joer engagéiert sech d'Fondation Follereau Lëtzebuerg fir d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Beneficiairen an den Interventiounslänner.
Un der Säit vu senge Partnerassociatiounen, ënnerstëtzt d'Fondatioun lokal, inklusiv a positiv ausgeluechten Initiativen, déi op d'Bedierfnisser vun de Leit op der Plaz äntweren, an dat an 8 verschiddenen afrikanesche Länner. Et gëllt sech bewosst ze sinn datt all Geste zielt, egal wéi grouss d'Distanz zu deem ass deen ënnerstëtzt gëtt, egal ob et en Don ass, ob Dir Iech als Benevole asetzt, ob Dir Är Aarbechtskolleegen oder Är Famill mobiliséiert, ob Dir eng Spendenaktioun maacht,…
Dir hutt Loscht Iech z'engagéieren? D'Ekipp vun der Fondatioun ass bereet Iech an Äre Projet ze begleeden.
Wie wëll, dee kann! Wie wëllt den Ufank maachen?

Fondation Follereau
204, route d'Arlon - L-8010 Strassen
Tél. : 446606-1 / info@ffl.lu / www.ffl.lu
BCEE IBAN LU38 0019 1100 2081 3000