
An engem Bréif, deen RTL virläit, reagéieren eng Partie Anesthesisten op Aussoen aus engem rezente Communiqué vum CGDIS. Doranner hat de CGDIS confirméiert, datt de Vote iwwer den neie Référentiel verréckelt gouf. Gläichzäiteg gouf d’Virgoe vum Cercle des Anesthésistes-Réanimateurs kritiséiert. De juristeschen Avis, deen am Optrag vum Cercle ausgeschafft gouf, wier dem Verwaltungsrot eréischt ganz spéit zoukomme gelooss ginn, zu engem Zäitpunkt, wou d'Aarbechte vum Aarbechtsgrupp scho bal ofgeschloss waren. Dowéinst hätt een net méi genuch Zäit gehat, fir den Avis am Detail ze analyséieren an an den neie Référentiel afléissen ze loossen. Esou e Virgoe géif d’Aarbechten onnéideg an d’Längt zéien a stéing net am Zeeche vun enger kontinuéierlecher Verbesserung vun der Nout-Medezin bausst dem Spidol.
Anästhesisten kritiséieren "iwwerstierzten" an intransparente Prozess
Elo wiere sech d'Anästhesisten: De juristeschen Avis wier net a leschter Minutt komm. Am Géigendeel: D'Delaisen, déi fir d'Ausschaffe vum neie Référentiel virgesi waren, wieren ze restriktiv gewiescht. Déi juristesch Problemer wieren dem Verwaltungsrot scho méi fréi matgedeelt ginn. Dem Bréif no hätt de Verwaltungsrot deemno och vill méi fréi selwer kënnen en Avis juridique ufroen – wat Zäit a Käschte gespuert hätt.
Doriwwer eraus stelle Signatairen d’Fro, firwat de Référentiel iwwerhaapt esou séier misst geännert ginn. De Qualitéitsniveau vum SAMU géif am internationale Verglach zu de beschte gehéieren. Well et och kee personelle Manktem géif ginn, kéint een net novollzéien, firwat den Dossier esou presséiert behandelt ginn ass. Déi aktuell ausgeschaffte Versioun géif nämlech souwisou net d'Vuen vun der Majoritéit vum Verwaltungsrot erëmginn. D'Signatairen behaapten dowéinst, datt de Prozess onnéideg acceleréiert ginn ass, fir ee "Résultat prédéfini” ze kréien.
Aner Verbesserunge gefuerdert
Op anere Punkten dogéint géif et un der néideger Urgence feelen: Zanter engem gudde Joer hätten d'Anästhesisten nämlech schonn nei Aarbechtskleedung fir eng besser Sécherheet gefuerdert, mee nach ëmmer keng Äntwert kritt.
Wat war geschitt?
D'Organisatioun an de Fonctionnement beim SAMU sollen ugepasst ginn: Déi gréissten Ännerung ass, datt an Zukunft och Doktere mat der Spezialisatioun vum Urgentiste matfuere kënnen. Fir de SAMU sollen also net méi just exklusiv Doktere mat der Anästhesie-a Reanimatioun-Spezialisatioun zoustänneg sinn.
D‘Anästhesiste si kloer dogéint, mam Argument datt d'Qualitéit vum Service géif ofhuelen. De legale Kader géif esou eng Ännerung dann och net zouloossen.
Anescht gesinn dat d'Urgentisten: D'Spezialisatioun vum Urgentiste hätt sech an de leschte Joren entwéckelt an et hätt een déi néideg Qualifikatiounen, fir um SAMU matzefueren. Dofir dierft een dat jo och am Ausland maachen.