Déidlechen Tëschefall op TrainingsterrainDe fréiere Jeunesse-Trainer kritt am Appell eng däitlech méi niddreg Strof

Diana Hoffmann
D'Strof am Fall vum déidleche Messer-Virfall bei der Escher Jeunesse gouf an zweeter Instanz kloer reduzéiert.
Den Trainingsterrain vun der Escher Jeunesse an den Deeg nom Tëschefall am Februar 2023.
© Domingos Oliveira / RTL

Amplaz vun 18 Joer Prisong gouf de fréiere Jugendtrainer vun der Escher Jeunesse elo zu aacht Joer Prisong verurteelt, dovun d'Hallschent op Sursis.

D'Faite ginn zréck op de Januar 2023. E Mann war géint der Owend mat zwee Messer an den Hänn op den Terrain vun der Jeunesse Esch komm, wou zu deem Ament eng Jugendekipp trainéiert huet. Nodeems hien den Trainer e puer Mol menacéiert hat, hunn den Trainer, säi Brudder an e Papp vun engem Spiller versicht, hien ze verjoen. No enger Zäit war et deenen dräi du gelongen, de 25 Joer ale Mann um Buedem z'immobiliséieren.

D'Situatioun war awer eskaléiert, wéi den Trainer de Mann mat engem vun de Messer hannen an den Uewerschenkel gestach huet. D'Affer war just e puer Stonne méi spéit am Spidol u senge Blessure gestuerwen.

An éischter Instanz war de fréieren Trainer wéinst Doudschlag zu 18 Joer Prisong verurteelt ginn, dovun 12 op Sursis. D'Geriicht hat deemools argumentéiert, datt een d'Gewalt net méi kéint duerch Noutwier rechtfäerdegen. Schliisslech wier de Mann bei der Attack schonn immobiliséiert gewiescht.

Am Appell ass d'Urteel aus éischter Instanz awer däitlech ofgeschwächt ginn. D'Wort schreift, dass d'Beruffungsgeriicht zur Conclusioun komm ass, datt et sech net ëm Doutschlag mat der Intentioun een ëmzebréngen gehandelt hätt, mee ëm eng Kierperverletzung, déi zum Dout gefouert huet. Dowéinst wier d'Strof reduzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO