Et si Biller déi een un den Ufank vun der Covid-Pandemie erënneren: Potenziell infizéiert Touristen gi vun Dokteren an Infirmièren a kompletter Schutz-Montur empfaangen a mussen a Quarantän. Den Hanta-Virus suergt zanter den 3 Doudesfäll um Croisières-Schëff Hondius fir Opreegung.
An der Travel-Clinic am CHL gëtt een awer Entwarnung: De Virus ass vill manner ustiechend am Verglach mam Covid-19. Den Infektiolog Dr Pit Braquet: "Dat ass beschriwwen, si ass definitiv manner ustiechend wéi de Covid. Also och um Maximum vun der Iwwerdroungs-Kapazitéit, wann een elo keng Mesuren hëllt, stécht eng persoun zwou Anerer un an der Moyenne, dat ass gerechent ginn. An dat ass vill manner wéi am Covid."
Den Hanta-Virus ass net nei: Besonnesch d'Anden-Variant, déi aus Südamerika kënnt, ass bekannt. 1996 an 2018 goufen et schonn regional Epidemien, déi awer séier ënner Kontroll waren: "Ech mengen, datt en net wäert zirkuléieren. Well déi zwou Epidemien virdrun hu gewisen, datt wann ee ganz strikt Moossnamen hëlt, also datt déi krank Leit isoléiert ginn a Kontakter mussen eng Quarantän maachen, datt d'Epidemie da ganz schnell ophält. Et gëtt keng Ursaach, firwat dat wat 2018 an Argentinien gemaach ginn ass, an Europa net funktionéiert."
An der Travel-Clinic géif een och keng speziell Recommandatiounen fir Südamerika am Zesummenhang mam Hanta-Virus eraus ginn: Et sollt een iwwerall déi gängeg Hygiènesmesuren respektéieren. Dat gëllt besonnesch op Croisièresschëffer: "Et muss een sech dat virstellen, wéi wann dat eng kleng Stad wier, mat Supermarchéen, Theateren a Caféen. Et ass een op méi enkem Raum zesummen wéi wann een dat normalerweis wier. Ech géif allgemeng soen, datt ee sech op enger Croisière soll ëm seng Gesondheet këmmeren. A wann een eng Virgeschicht huet oder et eng Croisière ass déi ausserhalb vun Europa ass, da soll een eng Kéier bei säin Dokter goen fir doriwwer ze schwätzen."
Och wann eng Infektioun mam Hanta-Virus fir schwéier Otemschwieregkeeten an eben och am schlëmmste Fall zum Doud féiere kann, wier den Ament keng Ursaach fir Panik. Dofir wieren dem Dokter no déi néideg Sécherheetsmesuren en place.