Bekannt aus "Anwalt Abel"De Schauspiller Günther Maria Halmer ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Günther Maria Halmer war nieft senger Roll als Jean Abel ënner anerem och als Tscharlie an de "Münchener Geschichten" ze gesinn.
© FRANK HOERMANN/SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Den däitsche Schauspiller Günther Maria Halmer ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen. Dat melle verschidden däitsch Medien, déi sech dofir op de Promi-Magasinn "Bunte" beruffen. Deemno wier den Halmer an der Nuecht op e Sonndeg den 10. Mee gestuerwen.

De Schauspiller ass an Däitschland virun allem duerch seng Roll als Tscharlie an de "Münchener Geschichten" an duerch seng Rollen an de Serien "Anwalt Abel" an "Ein Drilling kommt selten allein" bekannt. Ma och am Theater war hien ëmmer nees op der Bün ze gesinn.

De Günther Maria Halmer hätt der "Bunte" no schonn zanter längerem u Kriibs gelidden.

Back to Top
CIM LOGO