
2024 huet d’BnL eng dausend Joer al mëttelalterlech Handschrëft kaaft an dëst wäertvollt Wierk zeréck an déi Regioun bruecht an där et erschaf gouf.
Dëse Manuskript ass de leschten Exemplaire vun enger Risebibel aus dem 11. Joerhonnert. Et ass net just en aussergewéinlech seelent Dokument, ma et charakteriséiert sech duerch säin exzellenten Zoustand. D’Risebibel ass an enker Zesummenaarbecht mam Skriptorium vun Iechternach entstanen, engem vun de gréissten intellektuellen an artisteschen Zentren aus dem fréie Mëttelalter. Zu där Zäit war Iechternach Deel vum Äerzbistum Tréier an huet eng zentral Roll bei der Schafung vun héichwäertegen, illuminéierte Manuskripter gespillt. Dëst eenzegaartegt Dokument stellt en Héichpunkt vun der Skriptoriekultur vun der Iechternacher Schoul duer, där hiren Afloss wäit iwwer d’Klouschtermauere goung.
Dës Bibel, déi ongeféier 25 Kilo weit an an oppenem Zoustand 80 cm breet a 55 cm héich ass, representéiert en aussergewéinlecht Beispill vu mëttelalterlechem Handwierk. Fir d’Hierstelle vum Pergament goufen d’Heit vun iwwer 230 Kéi gebraucht. Dëst beweist wéi vill Ressourcen an Aarbecht néideg waren, fir esou e Wierk ze realiséieren.
Obwuel de gréissten Deel vum Text am 11. Joerhonnert geschriwwe gouf, si bis an dat 16. Joerhonnert Korrekturen an Ergänzunge gemaach ginn, besonnesch fir de liturgesche Gebrauch an der Abtei Sankt Maximin. An der Handschrëft stécht d’Aarbecht vun op d’mannst 15 Kopisten, déi am Laf vu fënnef Joerhonnerten dorunner geschafft hunn.
D’Ornamentik vun dësem Manuskript ass besonnesch raffinéiert. Déi verzierten Initiale sinn ee vun de visuelle Glanzstécker vun dësem Wierk. Mat rouder Tënt gemoolt an ëmgi vu geometresche Formen oder Planzemotiven, bilden si richteg Miniaturkonschtwierker. D’Buschtawen si mat Ranken a Flechtmuster dekoréiert an déi Bild-Buschtawen-Elementer sinn typesch fir d’Konscht aus där Zäit. Si erënneren och staark un déi vun der Iechternacher Bibel, déi den Abt Régimbert an Optrag ginn hat. D’Gestaltungselementer loossen e konstant Beméien ëm Kloerheet an Eleganz erkennen. Mëttelalterlech Manuskripter suivéiere strikt Reegele wat den Textopbau ugeet, an dës Bibel ass do en exemplarescht Beispill dofir.

En anere faszinéierenden Aspekt vun der Dekoratioun sinn déi spektakulär Frontispicesäiten . Op der éischter Säit (f. 1v) gesäit een e rout, blo a giel gemoolte Kader, deen den Titel vum Buch Genesis enthale soll. D’Säit f. 5v weist zéng faarweg Sträifen op zwou Kolonne verdeelt. Dëst Faarwespill erënnert un d’Produktioun vu fréieren Iechternacher Handschrëften, besonnesch un de Codex aureus, den haut zu Nürnberg gewise gëtt.
Dës Risebibel ass en Temoignage fir d’Kënnen an den Äifer vu mëttelalterleche Kopisten an Handwierker. Vun der gewëssenhafter Produktioun vum Pergament bis hin zu den elegante Buchmolereien,reflektéiert d‘Bibel Joerhonnerte vu reliéiser a kultureller Geschicht. Hir imposant Gréisst, hir Verzierungen an d’Ergänzunge, déi iwwer d’Joerhonnerte gemaach goufen, ënnersträichen hir Wichtegkeet als sakralen Objet an als liewegt a wäertvollt Dokument, dat am Laf vu senger Geschicht ëmmer erëm benotzt ginn ass.
Dëst mëttelalterlecht Manuskript huet eng bal dausend Joer laang Geschicht duerchlieft, ass aus Klouschterhänn a prestigiéis Privatsammlunge komm. Et gouf fir d’éischt an der Abtei Sankt Maximin zu Tréier versuergt, wou et 5 Joerhonnerte laang als Lektionar bei grousse liturgesche Fester benotzt gouf.
Säin aussergewéinleche Parcours war vu verschiddene groussen Evenementer markéiert, ë.a. wéi d’Abtei am Joer 1802 opgeléist gouf, wat dozou gefouert huet, datt seng Bibliothéik verstreet gouf. Dës Bibel ass erstaunlecherweis laanscht Confiscatiounen an d’Zerstéierung komm, deenen sou vill aner Manuskripter aus där Period zum Affer gefall sinn.
Et ass ganz seelen, datt e Manuskript bal e Joerdausend no sengem Entstoen zu sengen Originnen zeréck kënnt; an et ass nach méi rar, datt säi Wee iwwert esou eng laang Zäit bal Joer fir Joer zeréckverfollegt ka ginn. Déi Risebibel, déi d’BnL d’Chance hat no laange Verhandlungen ze kafen, ass quasi en eenzegaartegt Beispill heivunner.
Am 19. Joerhonnert koum et an déi legendär Sammlung vum Sir Thomas Phillipps zu London, engem vun de gréisste Bibliophille vu senger Zäit. Den Exlibris um Phillipps, wéi och déi vu villen anere Besëtzer, sinn am Manuskript siichtbar, a si sinn Zeien dovunner, duerch wéi vill Privatsammlungen dat Dokument gaang ass.
Am 20. Joerhonnert gouf d’Bibel 1946 bei Sotheby’s versteet an ass vun do un a verschidde Privatsammlunge komm.
2024 konnt d’BnL no laange Verhandlungen dëse wäertvolle Schatz schlussendlech kafen, sou datt d’Risebibel, bal e Joerdausend no sengem Entstoen, zeréck an déi Regioun komm ass, wou se entstanen ass.
D’Nationalbibliothéik sammelt, katalogiséiert a konservéiert all déi gedréckten an digital Publikatiounen, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland verëffentlecht ginn an e Bezuch zum Grand-Duché hunn. Si ass déi wichtegst Patrimonial-, Wëssenschafts- a Fuerschungsbibliothéik vum Land. Zirka dräi Véierel vun hirem Printbestand sinn aus dem Ausland an decke sëllege Wëssensberäicher of, fir d’Besoine vun de Benotzer esou wäit ewéi méiglech erfëllen ze kënnen.
An der Manuskriptesammlung conservéiert d’Nationalbibliothéik ronn 270 vollstänneg erhale mëttelalterlech Handschrëften (vum 7. Joerhonnert bis 1638), iwwer 500 fragmentaresch erhale mëttelalterlech Handschrëfte (entsprécht iwwer 400 bibliographesch Entitéiten), grad ewéi zirka 50 mëttelalterlech Handschrëften, déi als Annex vu gedréckte Bicher iwwerliwwert sinn. Dobäi kommen zirka 600 ënner Manuskriptesignature geféierten Eenzelwierker oder Fongen (inkl. Auteursfongen) aus der zweeter Hallschent vum 17. bis an d’spéit 20. Joerhonnert.
D’Dokumenter aus dësem Fong dierfen ausschliisslech am Rara-Liessall Dr. Jean-Claude Loutsch um 1. Stack consultéiert ginn. Ee vun eise Mataarbechter kann Iech beim richtegen Ëmgang mat dëse wäertvollen Dokumenter behëlleflech sinn.
En Deel vun dëser Sammlung ass op a-z.lu erfaasst a kann online oder op schrëftlech Ufro reservéiert ginn.
Firwat brauche mir Är Hëllef?
All Bäitrag, egal wéi kleng, wäert eis hëllefen, dëst Dokument fir zukünfteg Generatiounen ze erhalen.
Wéi kënnt Dir eis hëllefen?
Wéi eng steierlech Virdeeler hutt Dir duerch Ären Don?
Andeems Dir en Don maacht, drot Dir dozou bäi, de kulturelle Patrimoine ze erhalen an ze promovéieren. Dofir kënnt Dir Ären Don och vun de Steieren ofsetzen. Méi Informatiounen op focuna.lu