Sponsored ContentEn diverst an inklusiivt Aarbechtsëmfeld kreéieren

RTL Lëtzebuerg

En Interview mam Sandra Schengen, Psychologin bei Spuerkeess.

Sandra, wéi definéiert Dir Diversitéit an Inklusioun, a firwat ass se wichteg op der Aarbechtsplaz?

Diversitéit bezitt sech op eng breet Palette vu mënschlechen Ënnerscheeder bannent engem Grupp, enger Organisatioun oder enger Gesellschaft. Et ëmfaasst verschidden Dimensiounen, dorënner Rass, Geschlecht, Alter, Ethnie, sexuell Orientéierung, Behënnerung, a sozioekonomeschen Hannergrond. Inklusioun, op der anerer Säit, implizéiert d'Kreatioun vun engem Ëmfeld, an deem all Individuen sech respektéiert a geschätzt fillen.

Diversitéit an Inklusioun si wichteg aus verschiddene Grënn:

• Verschidde Perspektive féieren zu neien Iddien, déi Innovatioun stimuléiert.
• Ekippen, déi divers sinn, brénge verschidden Approchë fir eng Léisung ze fannen.
• Mataarbechter déi sech mat abegraff fillen, si méi engagéiert, méi motivéiert a méi zefridden.
• Eng diversifizéiert Ekipp kann d'Bedierfnesser vun enger diversifizéierter Clientsbasis besser verstoen.

Wéi kreéiert Dir eng divers an inklusiv Ekipp?

Bei der Spuerkeess hu mir en onparteiesche Rekrutéierungsprozess agefouert a mir bidden eise Mataarbechter verschidde Sensibiliséierungsprogrammer un. E gesond Aarbechtsëmfeld baséiert op géigesäitegem Respekt. Dofir ënnerstëtze mir ënnerrepresentéiert Gruppen a suerge fir eng fair Karriärsentwécklung.

Wéi garantéiert Dir Diversitéit an Inklusioun an Ärem Rekrutement?

Bei eis op der Spuerkeess gëtt keng Diskriminatioun baséiert op Alter, Geschlecht, Relioun oder ethnesch Hierkonft toleréiert. D’Auswiel vun eise Kandidate baséiert op hir Fäegkeeten.

Wéi behandelt Dir Situatiounen an deenen et zu enger Resistenz géint Diversitéit an Inklusiounsefforte kënnt?

Eist primär Zil ass et oppen Diskussiounen ze erméiglechen, Bedenken unzeschwätzen a Verständnis tëscht Individuen mat verschiddene Standpunkter ze fërderen. Bei der Spuerkeess wëlle mir eng Kultur vu Respekt fërderen. Dofir encouragéiere mir den Dialog. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, dass mir mam gudde Beispill musse virgoen. Dowéinst encouragéiere mir eis Manager, fir Diversitéit an Inklusioun bannent hiren Teams z'ënnerstëtzen. Teamleader sinn nämlech e wichtige Bestanddeel fir e gesond Aarbechtsëmfeld ze garantéieren. Am Fall vun engem Konflikt handelt eisen HR-Departement als Mediateur a probéiert Léisungen ze fannen, déi fir béid Parteien akzeptabel sinn.

D'Sandra Schengen
D'Sandra Schengen

Kënnt Dir Beispiller gi vun Aktiounen, déi Dir bei der Spuerkeess gemaach hutt, fir marginaliséiert Gruppen an Ärer Bank z'ënnerstëtzen?

Fir Leadership Positioune siche mir aktiv no diversifizéierte Profiller, déi Virbiller kënne sinn. Fir en diversifizéierte Leadership ze schafen, organiséiere mir Eventer, Konferenzen, an Table Ronden. Doderniewent maache mir reegelméisseg Ëmfroen a mir bidden interne Coaching fir eis Mataarbechter, déi sech op den nächste Karriär Schrëtt wëlle virbereeden. Fir ofzeschléissen, hu mir eng Politik, déi kloer Richtlinnen a Prozedure festleet mam But, all Form vun Diskriminatioun op der Aarbechtsplaz ze vermeiden.

Wéi bekämpft Dir onbewosste Bias op der Aarbechtsplaz a wéi fërdert Dir eng Kultur vun Inklusioun?

Mir klären eis Mataarbechter iwwer Biases an den eventuellen Impakt op Entscheedungsprozesser, wéi Promotiounen oder Evaluatiounen, op. Am Interessi vun der Fairness evaluéiere mir reegelméisseg eis Recrutements- a Promotiounsprozesser fir potenzielle Bias ze minimiséieren. Fir ofzeschléissen, hu mir viru kuerzem de „Pacte Entreprise et droits de l'homme“ ënnerschriwwe mam Zil, eist Aarbechtsëmfeld esou gerecht wéi méiglech ze gestalten.

Fir ofzeschléissen, wëll ech drop hiweisen, datt mir nach um Ufank vun eisem Wee stinn an datt mir eis bewosst sinn, wéi usprochsvoll Ännerung ka sinn, besonnesch wann et ëm Diversitéit an Inklusioun geet. Trotzdeem si mir decidéiert, fir déi éischt Fortschrëtter an nächster Zukunft ze maachen.

Liest och:

Spuerkeess: L'éthique et comment nous garantissons l'intégrité à travers l'ensemble de notre organisation

Back to Top
CIM LOGO