Sponsored ContentEn engagéierten Acteur fir erneierbar Energien

RTL Lëtzebuerg
Schwammend Solaranlag ArcelorMittal Baseng, Déifferdeng
Schwammend Solaranlag ArcelorMittal Baseng, Déifferdeng

Mir kennen alleguer Enovos, de gréissten Energiefournisseur zu Lëtzebuerg. Mee wousst Dir schonn, dass Enovos zënter méi wéi 10 Joer Produzent vun 100 % gréngem a lokalem Stroum ass?

Als Acteur, deen sech fir d’energeetesch Transitioun an d’Dekarboniséierung engagéiert, huet Enovos, eleng oder mat senge Partner, d’lescht Joer 442.610 Megawattstonne Stroum hei zu Lëtzebuerg produzéiert, dee vollstänneg aus erneierbaren Energien (Wand, Photovoltaik an Hydraulik) besteet.

Solaranlag Carport Goodyear, Colmer-Bierg
Solaranlag Carport Goodyear, Colmer-Bierg

Aleng déi 29 Photovoltaikanlagen, déi bei senge Partner installéiert goufen (ArcelorMittal, Arthur Welter, Cactus, CFL, Gemeng Bartreng, Creos, Forum pour l’emploi, Goodyear, Heintz van Landewyck, Kuehne+Nagel, Kichechef, Luxtram, Panelux, Post, RTL-Grupp, Tarkett, Technoport, Transalliance, Voyages Vandivinit an John Zink Hamworthy), hunn et méiglech gemaach, Energie fir den Equivalent vun 38.250 Awunner ze liwweren.

Enovos setzt seng Efforte weider a baut kontinuéierlech nei Infrastrukture fir d’Produktioun vu grénger Energie andeem Projeten als Ganzt ausgeféiert ginn – vun der Planung bis zum Entretien, soubal alles a Betrib ass. D’Qualitéit an d’Origine vun der Energie sinn net verhandelbar, se musse gréng a lokal sinn (Lëtzebuerg, Groussregioun an Europa), wat och vum onofhängegen däitschen Institut TüV Rheinland kontrolléiert gëtt.

Fräistoend Solaranlag um Terrain vun RTL Group, Jonglënster
Fräistoend Solaranlag um Terrain vun RTL Group, Jonglënster

Esou hunn all d’Privatclientë vun Enovos d’Gewëssheet, dass si ab dem Basistarif naturstroum vum dekarboniséierte Stroum profitéieren. Mat der Premium Offer nova naturstroum wëssen se, dass deen och aus regionalen Anlage kënnt, déi um neiste Stand vun der Technik sinn.

Mat Enovos ass d’energeetesch Transitioun net just ee Slogan, mee eng alldeeglech Realitéit.

Weider Informatioune fannt Dir op eisem Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO