
Eng Reglementatioun déi stänneg evoluéiert, Bedenke bei der Sich no vertrauenswierdege Prestatairen, Subventiounen, déi als net genuch ugesi gi fir d’Investitioun vun enger energeetescher Renovatioun ze decken: Trotz engem staarke Bewosstsi fir hire Patrimoine zécken d’Lëtzebuerger Awunner, fir energeetesch Renovatiounen unzegoen.
Eng europäesch Etüd vu BNP Paribas an Zesummenaarbecht mam Institut Toluna - Harris Interactive (11.700 befrote Persounen an Europa, dovunner 700 zu Lëtzebuerg) huet ënnersicht, wéi d’Lëtzebuerger Awunner d’Erausfuerderunge vun der energeetescher Renovatioun gesinn.
D’Resultater weisen e Paradox op. Obwuel d’Lëtzebuerger Awunner den Zesummenhang tëschent Immobiliewäert an energeetescher Leeschtung gutt erkennen, fält et hinne schwéier, de Schrëtt ze maachen. Wat hält d’Leit dovun of, hir Wunneng energeetesch ze renovéieren? A wéi kënne si dëse Schrëtt trotzdeem maachen?
„Déi gréisst Hindernisser si finanzieller oder praktescher Natur. Vill Leit fillen sech mat den Demarchen, déi als komplex empfonnt ginn, iwwerfuerdert”, seet d’Marie Delhaye, Responsabel fir ESG-Projete bei BGL BNP Paribas.

1. Eng Reglementatioun, déi als onbestänneg ugesi gëtt
D’Etüd weist, datt d’Lëtzebuerger méi Vertrauen an d’ëffentlech Hand hu wéi déi aner Europäer, wann et ëm d’Begleedung bei der Energietransitioun an der energeetescher Renovatioun geet. Trotzdeem sinn 62% vun de lëtzebuergesche Befroten der Meenung, datt d’Virschrëfte ronderëm d’energeetesch Leeschtung ze dacks änneren. Et handelt sech hei ëm eng Perceptioun.
2. Informatiounen, déi net kloer genuch sinn
Den Energiepass (CPE) gëllt nach ëmmer als schwéier verständlech. D’Majoritéit vun de Befrote gëtt zou, datt et hinne schwéierfält, den Inhalt ze verstoen oder déi Aarbechten ze identifizéieren, déi fir d’Verbesserung vun der Energieeffizienzklass vun hirem Logement prioritär sinn.
3. D’Fro vum Vertrauen
Den Zougang zu Informatioune gëtt als méi einfach empfonnt wéi soss an Europa. Mee fir 69% vun de Befrote bleift et schwiereg, zouverlässeg Prestatairë fir hir Renovatiounsaarbechten ze fannen. Vill wëssen net, u wien si sech wende kënnen, fir Ënnerstëtzung ze kréien.
„Et ass immens wichteg, vu qualifizéierten Handwierker begleet ze ginn. Fir Aarbechten unzegoen, mussen d’Awunner Vertrauen hunn. D’Ëmfro weist, datt dëst den zweetwichtegste Motivatiounsfacteur ass”, betount d’Marie Delhaye.
4. Rentabilitéit an Zäithorizont
D’wirtschaftlecht Argument bleift entscheedend. 53% vun de befroten Awunner gesinn net an ze renovéieren, wann een net laang a sengem Logement bleift.
Mat den aktuell disponibele staatleche Bäihëllefen, dorënner dem Topup social fir Stéit mat geréngem Akommes, an d’Energiespueren, dat duerch geziilt Renovatiounsaarbechten erreecht gi kann, kann sech d’Investitioun allerdéngs bannent e puer Joer amortiséieren.
Dës Kombinatioun – also komplex empfonnten Demarchen, Onsécherheet a Bezuch op d’Reglementatioun, onkloer Rentabilitéit – féiert zu engem Däiwelskrees vun der Inaktioun. „Et ass wichteg, d’Virgoensweis méi verständlech ze gestalten an de wirtschaftlechen Notze vun de Projete konkret ze weisen“, sou d’Marie Delhaye.
Fir dës Hindernisser ze iwwerwannen, proposéiert d’Bank konkret Léisungen. Sou erméiglecht zum Beispill de Prêt Copropriété de Syndicate vu Koproprietären den Zougang zu enger gemeinsamer Finanzéierung fir d’Verbesserung vun der Energieeffizienz vun enger Residence a begleet si bei de Formalitéiten.
Mat finanzielle Léisungen an Expertis wëll BGL BNP Paribas de Schrëtt zur Aktioun vereinfachen a weisen, datt eng Renovatioun rentabel, accessibel a gewënnbréngend op all Niveau ass.