Sponsored Content„Plein soleil“: Zäit fir summerlech Aromaen

Fischer
© Fischer

Exotesch Kaffiskichelcher, mediterran Zaloten a fruchteg Pâtisserien: eng saisonal Offer, déi ganz am Zeeche vum Süde steet.

Et ass mëttlerweil e mat Spannung erwaarte Rendez-vous: Zu all neier Joreszäit erneiert d’Bäckerei Fischer hiert Sortiment. Fir de Fréijoer/Summer 2026 huet sech d‘Bäckerei, déi méi ewéi 65 Butteker zu Lëtzebuerg zielt, vun de Küsten a Mäert vum Süden inspiréiere gelooss. Den Numm vun der Gamm seet alles: „Plein Soleil“.

Fir de Kaffi: Zäit fir eng Auszäit

Stammcliente wäerten de Retour vum „Cocona“ bemierken, en Hiefbliederdeeggebäck, gefëllt mat Kokosraspelen an Ananasstécker, mat Pudderzocker uewendrop. E Klassiker vu Fischer, op dem säi Retour gewaart gouf.

E weidere Produit, den d’Opmierksamkeet op sech zéie wäert, ass de „Croissant Spéculoos“, den dës Saison nei ass an e Bliederdeeg-Croissant mat enger Spekulatiuscrème-Fëllung kombinéiert. D’Resultat: bausse knuspreg, banne crèmeg a wierzeg.

Croissant Spéculoos
© Fischer

All d’Kaffiskichelcher

3 nei Zaloten an 1 Signature-Sandwich

D’Traiteursoffer gëtt ëm dräi nei Zaloten erweidert. D’„Salade Kebab“ proposéiert Pouletsfiletsträifen façon Kebab, Couscous, roude Kabes, Wuerzelen, grouss Kornischongen, Mais, rout Zwiwwelen, Kiischtentomaten an eng Pita-Zooss. D’Zalot „Tomate Mozzarella“ setzt op Einfachheet mat Tomaten, Mozzarella, Pesto a Balsamico-Dressing. Zu gudder Lescht kombinéiert dann d’„Salade Grecque“ Feta, schwaarz Oliven, grouss Kornischongen, Paprika, Tomaten an Olivenueleg mat Oregano.

Bei de Sandwiche stécht de„Roast Beef“ ervir: eng hallef Baguette Céréales, Roastbeef, Pesto, gedréchent Tomaten, Piniekären, Balsamicocrème a Rucola. Eng Zesummestellung, déi sech vun de klassesche Varianten ofhieft. Ervirzehiewen ass och de neien „Triangle Dagobert“, e Bretzel-Dräieck, beluecht mat Ham, Gouda, klenge Kornischongen, Zalot an Tomaten.

Déi ganz Traiteursgamm

Nei interpretéiert Eclairen an e saisonale Crumble

De Rayon Pâtisserie setzt den Accent op Friichten. D’„Éclair Mangue Passion“ kombinéiert Branddeeg, eng Mango-Maracuja-Crème-Pâtissière an eng Glasur.

De „Crumble Rhubarbe“ ergänzt d’Offer mat engem säftege Mandelkuch, Rubbarb an engem gëllene Crumble. E ka souwuel wotlech wéi och bei Zëmmertemperatur degustéiert ginn.

Och nennenswäert: d’„Éclair St Honoré“. Si interpretéiert de grousse Klassiker mat enger liichter Crème, crèmege Karamell an engem Craquelin nei. A schliisslech de „Karamell-Jugurt“, verfeinert mat geréischterte Kären a Schokela.

D’Gamm „Plein Soleil“ ass an de 65 Fischer-Bäckereien zu Lëtzebuerg an a Frankräich disponibel.

All d’Pâtisserien

All d’Bäckereien

Back to Top
CIM LOGO