Sponsored ContentEnergeetesch Renovatioun: Virurteeler, déi et ze iwwerwanne gëllt

BGL BNP Paribas

Och wann d’Lëtzebuerger Residenten d’Renovatioun vun hirem Logement als wichtegen Hiewel am Kampf géint de Klimawandel betruechten, gëtt dës dacks duerch Virurteeler gebremst, déi et ze iwwerwanne gëllt.

Fir d’Awunner vum Grand-Duché ass d’energeetesch Sanéierung e wichtegen Hiewel am Kampf géint de Klimawandel. Dat geet aus de Resultater vun enger Etüd ervir, déi de Grupp BNP Paribas zesumme mam Institut Toluna-Harris Interactive ënner 11.700 Europäer an aacht Länner, dorënner 700 Lëtzebuerger Residenten, duerchgefouert huet. Dës Ëmfro weist och, datt et verschidden Hindernisser an der Perceptioun vun de Befrote gëtt, virun allem Virurteeler, déi et se iwwerwanne gëllt.

Virurteel 1: Nëmmen zertifizéiert Handwierker dierfe renovéieren

77 % vun de Lëtzebuerger Befrote sinn der Meenung, datt fir d’Realisatioun vun energeetesche Renovatiounsaarbechten nëmmen zertifizéiert Handwierker beoptraagt kënne ginn. Zertifizéierunge sinn zwar e Garant fir Qualitéit, se sinn awer net obligatoresch. „Lëtzebuerg verfüügt iwwer e Reseau vu kompetenten Handwierker, déi zertifizéiert sinn oder net. Wichteg ass, sech op eng zolidd Diagnos an eng zouverlässeg Ëmsetzung ze stëtzen“, sou d’Marie Delhaye, Responsabel vun den ESG-Projete bei BGL BNP Paribas.

Virurteel 2: Et ass besser, eng Wunneng ze kafen, déi schonn energieeffizient ass

58 % vun de Leit sinn der Meenung, datt et besser ass, eng Immobilie mat enger ganz gudder Energieeffizienzklass ze kafen, wéi an eng Renovatioun ze investéieren. Och wann dat tatsächlech eng Optioun ass, sou erméiglecht eng Renovatioun, d’Immobilie un déi eege Besoinen unzepassen, Energie anzespueren a vun ëffentleche Bäihëllefen an dësem Beräich ze profitéieren. „Renovéiere bedeit, de Wäert vu senger Immobilie laangfristeg ze erhalen a se gläichzäiteg u seng eege Situatioun unzepassen”, erkläert d’Marie Delhaye.

Virurteel 3: Nëmme grouss Aarbechte lounen sech

60 % vun de Befroten zu Lëtzebuerg sinn der Meenung, datt nëmme grouss Renovatiounsaarbechte richteg Erspuernisser erméiglechen. Dobäi féiere verschidde Moossnamen – Isoléierung vum Späicher, Installatioun vun enger effizienter Heizung asw. – och schonn zu signifikante Resultater. „Wann een drop waart, datt all d’Viraussetzunge fir eng grouss Renovatioun erfëllt sinn, dann ënnerhëlt ee guer näischt. All Aktioun zielt“, betount d’Marie Delhaye.

Dës Virurteeler bremsen d’Realisatioun vu Renovatiounsprojeten. Vill Stéit zécken, de Schrëtt ze woen, well hinnen de Wee dohin ze opwänneg oder ze deier erschéngt.

Virurteeler ofbauen an d’Aktioun begleeden

Fir eng positiv Dynamik fir energeetesch Sanéierungen ze fërderen, ass et néideg, dës Perceptioun ze korrigéieren. „Eis Aufgab ass et, sou Virurteeler ofzebauen an ze weisen, datt Renovatioune schrëttweis realiséiert gi kënnen, mat enger gëeegenter Ënnerstëtzung “, sou d’Marie Delhaye.

Passend Finanzéierungsléisungen

Aus deem Grond offréiert d’Bank speziell Finanzéierungsléisungen a stellt d’Expertis vun hire Beroder a Partner an den Déngscht vum Client. Ënner de proposéierte Finanzéierungsléisungen erméiglecht de Klimaprêt, dank enger Zënssubventioun vum Lëtzebuerger Staat (ënner bestëmmte Viraussetzungen), vu virdeelhafte Finanzéierungskonditioune fir d’Renovatiounsaarbechte wéi Isoléierung, Installatioun vun enger leeschtungsstaarker Heizung oder Sonnepanneauen asw. ze profitéieren.

Fir hir Clientë beschtméiglechst ze begleeden, goufen d’Beroder vun der Bank a Klimafroen an am Verständnis vun Energiezertifikater (CPE) forméiert. Si kënnen de Clienten och spezialiséiert Partner uginn, fir d’Realisatioun vu Projeten ze erliichteren.

Back to Top
CIM LOGO