Sponsored Content„vum Séi“ – Regional genéissen an nohalteg handelen

RTL Lëtzebuerg

Ween un den Naturpark Öewersauer denkt, huet de Stauséi virun Aen – d’Häerzstéck vun der nationaler Drénkwaasserversuergung. An der Regioun gëtt et awer och d’Produzente vum Séi. Si verbanne Qualitéit mat Naturschutz.

Téi vum Séi

An der Schleef bei Wanseler huet d’Téifabrik hire Sëtz. Zënter méi wéi 30 Joer ginn hei iwwer 40 Zorten Téi a Kichekraider gemaach.

Ze kafe kritt een d’Gamme vun Téi vum Séi a ville Buttiker uechter d‘Land.

Bléi vum Séi

Zu Näertrech bei Wooltz sëtzt Bléi vum Séi. Si maache Seefen, Crèmen, Ueleg a Kamellen op natierlecher Basis. Zënter e puer Joer hunn si och feste Shampooing an hir Gamme integréiert.

Bestelle kann een iwwer hiren Online-Shop bvs.lu.

Kären & Gebäck vum Séi

Landwirtschaftlech Betriber aus dem Naturpark hunn sech ënnert dem Numm „Käre vum Séi“ zesummegedo. Si produzéieren ënner strenge Waasserschutzkrittären Weess, Spelz a Kar.

D’Miel vu Käre vum Séi gëtt exklusiv an der Bäckerei Jos & Jean-Marie zu Gebäck vum Séi, verschafft. Brout an ënnert anerem Petit-fouren ginn doraus geformt an an alle Filiale vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie uechter d‘Land ugebueden.

Duch vum Séi

An der aler Duchfabrik vun Esch-Sauer entstinn haut nach op de fréiere Wiefstill Decken, Schaler, Poschen a villes méi op Basis vu Schofswoll. Ergänzt gëtt d’Gamme ëmmer nees duerch nei Artikelen, wéi z.B. Houssen fir den Tablet oder flott Upcycling-Bicker, déi aus Stoffreschter hiergestallt ginn.

Verkaf gëtt d’Duch vum Séi exklusiv am Naturpark-Shop zu Esch-Sauer (15, rue de Lultzhausen).

Perfekt fir d‘Feierdeeg

All Produit vum Séi steet fir Respekt virun der Natur, Wäertschätzung vum Handwierk a Verantwortung fir d’Regioun. Wien esou Produit keeft, ënnerstëtzt nohalteg Landwirtschaft a lokal Wirtschaft.

Links:

YouTube: https://www.youtube.com/watch?v=MQkJr6ESnBU&list=PLBr-N9Js3tGjlWOCBzrL_sXJlErPkZlvz
Website: https://www.naturpark-sure.lu/projects/vum-sei-produkte/

Back to Top
CIM LOGO