Sponsored ContentLoscht, Touristeguide ze ginn?

RTL Lëtzebuerg
© @brainplug/Ministère de l’Économie

Déi eemoleg Natur, Joerdausend al Geschicht a lieweg Traditioune vu Lëtzebuerg zéien all Joer ëmmer erëm vill Visiteuren un. Fir de Leit dësen natierlechen a kulturelle Patrimoine méi no ze bréngen ass et immens wichteg passionéiert Guiden ze hunn, déi mat hirem spezifesche Wëssen an enger Hellewull un Anekdoten d’Gäscht begeeschteren.

Touristeguide ze si bedeit méi wéi nëmmen z’informéieren: et bedeit, Gäscht aus aller Welt wëllkomm ze heeschen a si op eng authentesch Manéier fir eist Land ze faszinéieren.

Krut Dir och Loscht? Da mellt Iech u fir déi nei Formatioun fir Touristeguiden, déi vun der House of Training an Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère organiséiert gëtt. Si vermëttelt fundamentaalt Wëssen an d’Praxis, déi essentiel si fir als Guide aktiv ze sinn. D’Formatioun ëmfaasst 25 Stonnen, déi an zwee komplementar Deeler ofgehale ginn.

Am éischten Deel, a Form vun E-Learning, léiert een déi néideg Grondlagen iwwer Lëtzebuerg an all senge Facettë kennen: seng Geologie a seng Landschaften, säi kulturellen, kënschtlereschen an architektonesche Patrimoine souwéi déi wichtegst Etappen aus senger Geschicht a senger wirtschaftlecher Entwécklung.

Deen zweeten Deel, a Form vu Presenzcoursen, leet de Fokus op Praxis an Austausch. D’Participanten treffen déi wichtegst Acteuren aus dem lëtzebuergeschen Tourismus a léieren Tipps an Tricks wéi een als Guide säi Grupp am beschten encadréiert. Dëse Modüll ëmfaasst och eng Sensibiliséierung fir inklusiven Tourismus an e Cours, wou een hannert d’Stereotyppe vu Lëtzebuerg kuckt.

D’Formatioun huet ee Präis vun 150 € a gëtt op Franséisch, Englesch an Däitsch/Lëtzebuergesch ugebueden. Maacht dësen éischte Schrëtt a Richtung Aktivitéit als Touristeguide – a féiert Äre Parcours mat regionalen a spezialiséierte Formatioune weider.

Interesséiert? Mellt Iech elo un iwwer de Link hei drënner!

Schreiw dech op d’Waardelëscht an

Klickt hei fir weider Informatiounen

Back to Top
CIM LOGO