
De Wuesstem an der Eurozon bitt trotz engem wéineg verspriechenden internationalen Ëmfeld eng positiv Iwwerraschung. Dës Dynamik dierft sech 2026 beschleunegen, notamment opgrond vun enger expansiver Fiskalpolitik.
Am drëtten Trimester ass d’Aktivitéit an der Eurozon ëm 0,2 % géintiwwer dem viregten Trimester geklomm an huet domat d’Erwaardungen iwwertraff. D’Eurozon dierft 2025 e Wuesstem vun e bësse méi wéi 1 % verzeechnen, wat no un hirem Potenzial läit – e Resultat, dat ugesiichts de protektionistesche Moossnamen, déi vun den USA adoptéiert goufen, Mutt mécht. D’Dynamik vum drëtten Trimester war awer duerch eng signifikant Disparitéit tëschent deenen eenzele Länner gekennzeechent. Vun deene groussen Ekonomien an der Zon hu Spuenien a Frankräich zolidd Performancen iwwer d’Trimester opzeweisen, am Géigesaz zu Italien an Däitschland, déi an dësem Zäitraum stagnéiert hunn.
Trotz gréissere politeschen Tensiounen huet Frankräich positiv iwwerrascht (+0,5 %) a konnt vun enger gudder Dynamik bei den Investissementer an Exporter vun den Entreprisen, notamment am Beräich vun der Aeronautic, der chemescher Industrie an der Pharmaindustrie profitéieren. Déi rezent Trajectoire vun de previsionnele PMI-Indicateuren deit awer drop hin, datt esou eng Performance am véierten Trimester net widderhuelbar wäert sinn.
Am Géigesaz zu Frankräich huet déi däitsch Wirtschaft als gréisst Ekonomie vun der Eurozon op en Neits enttäuscht an huet iwwer dësen Zäitraum e stabelt Bruttoinlandsprodukt verzeechent. D’industriell Produktioun huet drënner gelidden, datt am Summer Wierker zougemaach goufen an d’Exporter goungen am Laf vum Trimester zeréck. Déi rezent Reprise vum Vertrauensindex deit awer dank der Ënnerstëtzung duerch de Relanceplang op eng Beschleunegung vun der däitscher Wirtschaft an de kommende Méint hin.
D’Europäesch Zentralbank (EZB) huet hiren Taux de dépôt am Oktober erwaardungsgeméiss bei 2 % belooss, e Status quo ugesiichts dem Risiko, e manner héicht Wuesstem ze hunn. D’Europäesch Zentralbank huet och keng nei Hiweiser op déi zukünfteg Orientatioun vun hirer Geldpolitik ginn. D’Finanzmäert rechnen den Ament dermat, datt d’Zënse bis 2026 um aktuellen Niveau bleiwe wäerten. Och mir schätzen d’Warscheinlechkeet vun enger weiderer Zënssenkung als geréng an, woubäi se net auszeschléissen ass.
Déi global Inflatioun an der Eurozon schéngt effektiv keng gréisser Gefor méi duerzestellen. Am Oktober ass de Verbraucherpräisindex op Joresbasis ëm 2,1 % geklommen a loung domat no um Zilwäert vun der Zentralbank an ënnert dem Wäert vum viregte Mount. D’Kärinflatioun – berengegt vun de volatille Komponenten ewéi Energie a Liewensmëttel – ass mat 2,4 % stabil bliwwen. Dësen héijeren Niveau ass op déi staark Präisser am Déngschtleeschtungssecteur zeréckzeféieren. Dës sollten sech awer 2026 dank méi engem gerénge Loundrock ofschwächen. Déi rezent Ëmfro vun der EZB – ECB wage tracker – geet nämlech dervun aus, datt de Wuesstem vun den negociéierte Salairen 2026 zimmlech däitlech gebremst wäert ginn.
Am Géigesaz zur EZB, där hir geldpolitesch Lockerung lues op en Enn kënnt, huet d’Réserve fédérale hir Zënssenkunge virugedriwwen. Fir d’zweete Kéier am Joer 2025 huet d’Zentralbank hir Leetzënsen ëm 0,25 % op eng Forschett vun 3,75 bis 4 % reduzéiert. Dëse Repli war largement vun de Mäert antizipéiert ginn. Eng weider Lockerung vun den USA hirer restriktiver Geldpolitik schéngt ugesiichts der Crainte vun enger ze vill staarker Ofkillung vum Aarbechtsmaart gerechtfäerdegt ze sinn.
Zwee Facteuren erschwéieren d’Analys awer. Zum engen huet de „Shutdown” d’Verëffentlechung vun offizielle Statistike verhënnert. No enger Blockad vun iwwer 40 Deeg huet e politesche Kompromëss der längster Period vun der Budgetsblockad glécklecherweis en Enn gesat. Zum aneren ass d’Unzuel vun deene fir d’Stabiliséierung vum Taux vum Chômage néidegen neien Aarbechtsplazen opgrond vun der restriktiver Migratiounspolitik vun der Trump-Regierung däitlech zeréckgaangen (warscheinlech op ënner 50.000 Aarbechtsplaze pro Mount).
Dëse Manktem u Visibilitéit, gekoppelt un eng Inflatioun, déi weiderhin en Taux vun no bei 3 % opweist, féiert zu Meenungsverschiddenheeten tëschent de Membere vun der Réserve fédérale a stellt eng Fortsetzung vun der Lockerungspolitik am Dezember a Fro.
D’US-Wärungsautoritéiten hunn ausserdeem ugekënnegt, d’Reduzéierung vun der Zentralbank hirem Bestand u Verméigenswäerter – quantitative tightening – ab Dezember auszesetzen. Dës Moossnam, och eng Akkomodatioun – gouf ergraff nodeems Spannunge bei den US-Geldmaartzënse festgestallt goufen. Op dës Aart a Weis wäerten d’Autoritéiten de Bilan duerch verstäerkt Investitiounen a kuerzfristeg staatlech Obligatioune stabiliséieren, wat notamment eng besser Ugläichung vun der Lafzäit vun der Zentralbank hirem Portfolio am Bezuch op d’Lafzäit vum US-Scholdemaart erméiglecht.
Dat laang erwaarten Treffen tëschent dem Donald Trump an dem Xi Jinping Enn Oktober um APEC-Sommet (Asia-Pacific Economic Cooperation) a Südkorea huet zu engem 12 Méint laangem Handelsfridde gefouert. China huet eng moderat Senkung vun der Douane ëm 10 % als Konsequenz vun deene verschiddene Moossnamen, déi d’Autoritéiten am Kader vun der Bekämpfung vum Fentanylhandel ergraff haten, erreecht. D’Verpflichtunge vu China vis-à-vis vun de Vereenegte Staate schéngen och ganz limitéiert ze sinn. China wäert notamment amerikanesche Soja kafen an huet ugekënnegt, déi Ufank Oktober decidéiert nei restriktiv Moossname fir den Export vu Sielen Äerden ee Joer laang auszesetzen.
Dës Trêve bitt eng fragil Otempaus. Déi vun de chineeseschen Autoritéiten affirméiert Bereetschaft, d’Entwécklungen am Technologieberäich ze beschleunegen, wäert weiderhi fir staark Tensiounen a Rivalitéiten tëschent deenen zwou Wirtschaftsmuechte suergen.
An den USA hunn déi trimesteriell Resultater d’Maarterwaardunge mat engem Wuesstem vun de Gewënner vu bal 15 % op Joresbasis iwwertraff. No engem exzellenten Oktober hunn d’US-Indexen Ufank November awer eng Verschnaufpaus ageluecht. Déi vun de Maartleaderen ugekënnegt steigend Investitiounsausgaben am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz léise Bedenke betreffend eng potenziell Verwässerung vun de Gewënner vun de betreffenden Entreprisen an de kommende Joren aus. Ugesiichts dem héijen Niveau vun deene wichtegste Bewäertungsindicateuren ass eng weiderhin zolidd Gewënndynamik awer net wechzedenken.
Damien Petit, CFA, Responsable des investissements Banque Privée
Banque de Luxembourg
Méi Informatiounen: