
Interview mam Tom Haas, Direkter vum STATEC, dee seng Visioun vun enger mënschlecher an innovativer Organisatioun deelt, déi sech fir eng kontinuéierlech Moderniséierung asetzt.
Esoubal ech ugefaangen hunn, hu mir eng gemeinsam Iwwerleeung ugefaange fir eng Visioun ze definéieren. Des kann zesummegefaasst ginn als : nolauschteren, moossen an de Groussherzogtum verstoen. Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt ëffentlech Donnéeën e gemeinsame Wäert sinn, dee muss duerch d’Moderniséierung vun der ëffentlecher Statistik valoriséiert ginn. Eis Missioun ass ze moossen, fir d’Land ze verstoen, an eis Stäerkten si Präzisioun an Objektivitéit.
De STATEC ass e mënschlechen, modernen an engagéierten ëffentlechen Acteur, dee permanent innovéiert. Wat eis definéiert, ass d’Pluralitéit vun eise Beruffer (Datewëssenschaft, Kommunikatioun, Wirtschaft). Mir beschäftegen eis mat de Stéit an de Betriber, esouwéi och mat den Erausfuerderungen an de Beräicher Energie, Ëmwelt a Wirtschaft. Dës Diversitéit schaaft e stimuleirend a beräicherend Ekosystem.
Date si strategesch Ressourcen. Et erginn sech nei Perspektiven a punkto Qualitéit, Rapiditéit a Granularitéit, wann een d’privat Daten an d’ëffentlech Statistiken, déi méi representativ an net esou biaiséiert sinn, kombinéiert. Déi grouss Erausfuerderung besteet doran, hir Produktioun ze automatiséieren. Mat der KI kënne mir eis Servicer verbesseren, awer si muss duerch zouverlässeg Date gespeist ginn.
Mir hunn en Datelaboratoire geschaf, fir d’Effizienz vun der Gestioun vun den Daten an hir Valorisatioun ze verbesseren. D’Zil ass et, d’Daten a statistescht Wëssen an dono a richteg ekonomesch Intelligenz ëmzewandelen. An enger vernetzter Welt kann eng kleng Ursaach grouss Konsequenzen hunn. Eis Ambitioun ass et, jidderengem ze hëllefen, seng Decisiounen op zouverlässeg an informativ Informatiounen ze baséieren.
https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2025/luxemburg-in-zahlen.html