Sponsored ContentEng Entreprise weiderginn: wann Emotiounen involvéiert sinn

RTL Lëtzebuerg

Kennt Dir d'Gesetz vun den dräi Generatiounen? Déi éischt Generatioun baut d'Familljenentreprise op, déi zweet féiert se weider, an déi drëtt zerstéiert se. Mee muss et wierklech ëmmer sou kommen? Ass dëse Klischee och da wouer, wann een d'Emotiounen, de Verstand a gutt Corporate Governance vun der Entreprise an den Zentrum vu sengem Transmissiounsprojet stellt?

D'Äntwert ass net einfach. Eng gutt Corporate Governance an enger Familljenentreprise opzebauen, ka komplizéiert sinn, well d'Emotiounen, déi duerch déi familiär Bindungen entstinn, dacks d'Entscheedunge beaflossen, besonnesch do wou ëmsou méi Objektivitéit gefrot ass. Esou Hürde kënnen déi rationell Transmissiouns- oder Veräusserungspläng ausbremsen. Ma wéi bewältegt Dir dës Hürden, wann Dir Är Féierungspositioun ofgitt?

Stellt Iech Äert Liewen no der Transmissioun vir

Dat éischt, wat Dir musst maachen, ass déi psychologesch an emotional Faktoren, mat deenen Dir bei der Transmissioun vun Ärer Entreprise konfrontéiert gitt, ze verstoen. Eng Entreprise weiderginn, heescht den historesch zougewisene Status, deen op hierarcheschen, duerch dat familiäert a betriblecht Ëmfeld legitiméierte Relatioune berout, lass ze loossen. En Nofollger ze akzeptéieren, heescht vun enger wichteger, aktiver Roll an eng méi passiv Positioun iwwerzegoen, vun där aus Rotschléi a Meenungen net méi onbedéngt mussen ugeholl ginn. Dir musst Iech d'Méiglechkeet ginn, Iech nei ze erfannen andeems Dir Iech nei Orientéierungspunkte sicht.

Eng harmonesch Zukunft heescht, net virun den Emotiounen, déi eng Transmissioun mat sech bréngt, fortzelafen. Stellt Iech Är Zukunft vir;  Wéini sidd Dir prett, Äert Geschäft weiderzeginn? Dës Fro sollt Dir Iech onofhängeg vun alle strateegeschen a wirtschaftlechen Iwwerleeunge beäntweren. Verséchert Iech  dass Dir mat der Persoun, déi d'Entreprise iwwerhëlt, , déi selwecht Wäerter an déi selwecht Zukunftsvisioun  deelt. Probéiert déi nei Generatiounen, esouwuel déi zweet ewéi och déi drëtt, anzebannen, andeem Dir een zukunftsorientéierte Kader schaaft, zum Beispill duerch en ugepasste Statut, en Aktionärspakt oder eng Familljecharta. Mathëllef vun dëse Moyenen, kënnt Dir Är Visioun vun der Entreprise laangfristeg op staark Wäerter opbauen an d'Reegele fir d'Befugnisser, d'Verhale vu jidderengem, d'Schlichtungsweeër bei Konflikter, d'Konfliktmanagement-Methoden a.s.w. festleeën.

Behaalt e klore Kapp fir Är Nofolleg auszewielen

Als Mamm oder Papp an enger Famill, déi eng Familljenentreprise leet, ass d'Versuchung grouss, de Fortbestand vun der Entreprise wëllen ze sécheren, andeem ee säi Kand als Nofollger bestëmmt. Mee hien oder hatt muss och déi néideg Kompetenzen dofir hunn. Ouni déi riskéiert een, de Mataarbechter an Aktionären een oder eng Dirigeant(e) opzezwéngen, déi net déi noutwendeg Legitimitéit huet.

D'Situatioun verkomplizéiert sech wann d'Famill méi ewéi ee Kand huet. Wat sot Dir Äre Kanner, déi net an d'Direktioun vun der Entreprise gewielt ginn, oder esouguer vun enger Bedeelegung un der Entreprise ausgeschloss ginn? Wéi kéinten hir Reaktiounen ausfalen a wat envisagéiert Dir als Entschiedegung fir hir Ausgrenzung?

An da kann et sinn, datt den Nofollger oder d'Nofollgerin aus der Famill, deen Dir ausgewielt hutt, net onbedéngt d'Entreprise esou féiere wëll, wéi Dir et gemaach hutt a gewësse Bedéngunge stellt. Et ass un Iech, mat him e gemeinsamen Terrain ze fannen, fir datt d'Transitioun ouni Schwieregkeeten ofleeft. Vläicht musst Dir och Är Managementmethod änneren, éier Dir him d'Zigele vun der Entreprise an d'Hand gitt. Diplomer a gudde Wëlle ginn net duer, wann Dir him keng Geleeënheet gitt, seng Personalitéit als Dirigeant(e) ze entwéckelen.

Denkt och un de psychologeschen Aspekt, wann déi Persoun, déi d'Entreprise iwwerhëlt, Äert Kand ass. Esouguer mat de beschte Governance-Methoden, oder als eenzeg(en) Dirigeant(e) vun der Familljenentreprise, bleift den Drock vis-à-vis vun den Elteren ze reusséieren. Dës Responsabilitéit ass ëmsou méi grouss, wann aner Familljememberen Aktionär, Membere vun der Direktioun oder einfach Salariéë sinn.

Schwätzt mat Ärem Banker

Gespréicher iwwer Transmissioune sinn oft ze vill op d'Finanzéierungsmodalitéiten an juristesch, zivil a steierlech Aspekter fokusséiert. Déi emotional Aspekter gi gewéinlech net beuecht, obwuel et déi sinn, déi d'Entwécklung vun der Entreprise kënnen nohalteg schiedegen oder d'Entreprise souguer ganz kënnen zerstéieren. An dëser Hisiicht kann Äre Banker, besonnesch wann en Äre beruffleche Parcours vun Ufank u matverfollegt huet a verschidde Membere vun Ärer Famill kennt, eng grouss Hëllef sinn. Dës Hëllef kann iwwer dat reng finanziellt erausgoen. En erfuerenen Bléck vu baussen erméiglecht Iech, Näid a Mëssgonscht oder potenziell Konflikter, wéi et se a ville Famillje gëtt, ze léisen an am beschte Fall souguer ze evitéieren.

Fir méi gewuer ze ginn, kontaktéiert eis.

Back to Top
CIM LOGO