Sponsored ContentFroen, déi Dir Iech virun engem Investissement stelle musst

RTL Lëtzebuerg
Investissementer sinn eng gutt Léisung, fir Är Erspuernesser ze ergänzen a Gewënner ze realiséieren, ënnert der Bedéngung,...

datt Dir Iech gutt dorop virbereet hutt.

Firwat géift Dir gär investéieren?

Wéi ee Projet hutt Dir am Kapp? Wëllt Dir d'Studie vun Äre Kanner finanzéieren, Är Pensioun virzebereeden, en Immobilieprojet virbereeden oder Iech einfach eng Freed maachen? D'Äntwert op dës Fro erlaabt Iech, op déi nächst Froen ze Äntweren.

Wéini mengt Dir, datt Dir déi Sue braucht, déi Dir investéiert?

Jee nodeem, ob Dir Äert Kapital a 5 Joer oder a 15 Joer wëllt recuperéieren, huet dëst en aneren Impakt op d'Investissementer, déi Iech zur Auswiel stinn. Wat d'Echeance méi wäit ewech ass, wat Dir méi riskant Produite kënnt huelen, well d'Maartschwankungen (esouwuel no uewen ewéi no ënnen) sech iwwer Zäit ausbalancéieren. Wat d'Echeance méi no kënnt, wat et ëmsou méi wichteg ass, wéineg riskant Produiten ze wielen, fir ze probéieren, d'Kapital dat Dir recuperéiert, "ofzesécheren".

Wéi e Betrag sidd Dir bereet ze investéieren?

Schätzt d'Zomm, déi Dir musst ewechleeën, fir Äert Zil ze erreechen an haalt Iech ëmmer nach Erspuernesser, déi verfügbar bleiwen, op der Säit. Lancéiert Iech net an Investitiounsproduiten, wann Dir net och Erspuernesser als Virsiichtsmoossnam ewechgeluecht huet. Am Allgemenge sollen dës ongeféier der Valeur vun 3 bis 6 Paien entspriechen. Setzt dës Zomm op e Spuerkont ouni Risiko, datt se, wann noutwendeg direkt verfügbar ass. A benotzt dës Sue virun allem nëmme fir Noutfäll (Autoreparatur, Ariichtung, a.s.w.). Dat verhënnert, datt Dir en Deel vun Ären Investissementer, vläicht mat Verloscht, musst liquidéieren.

Mee maacht och keng Vogel-Strauss-Politik. D'Inflatioun ass den Ament méi grouss ewéi de Rendement vun de Spuerkonten. Net ze investéieren, besonnesch wann Dir d'Méiglechkeet derzou hutt, biergt de grousse Risiko, datt Äert Kapital u Wäert verléiert.

A kuerze Wierder gesot: Haalt Iech eng Reserv fir Saachen, déi Dir net kënnt virausgesinn a fir Är kuerzfristeg Projeten, an investéiert en Deel vun Ärem Kapital fir Är méi laangfristeg Projeten.

Wéi en Niveau vu Risiko sidd Dir bereet anzegoen?

Suen an Zäit ze hunn geet net duer, fir Erspuernesser unzeheefen. Dozou gehéiert och, e Gemitt ze hunn, dat Krisen aushält an a stiermeschen Zäiten d'Rou behält. Wann Dir nuets net kënnt schlofen an Iech am Dag de kale Schweess erof leeft, well Äert Kapital 10% vu sengem Wäert verluer huet, da maacht Iech d'Liewen net schwéier mat Placementer op der Bourse.

Et muss een sech ëmmer am Kapp halen, datt en Investissement laangfristeg ass, dat hëlleft engem, déi Zäiten, wou d'Mäert schwaach sinn, ze iwwerbrécken. Vergiesst net, datt een, esou laang ewéi een net verkeeft, näischt verléiert.

Dat verhënnert awer net, datt jiddereen eng aner Sensibilitéit géigeniwwer Verännerungen huet an datt et wichteg ass, seng eege Risikofäegkeeten ze kennen, éier een en Investitiounsproduit auswielt. Dofir ass et gutt, Ären Investisseursprofil zesumme mat Ärem finanzielle Beroder ze definéieren.

Wéi oft kann ech meng Investissementer suivéieren?

Dir hutt verstanen, datt d'Performance vun engem Investissement sech op laang Siicht weist. Et ass dofir onnëtz, fir all Dag online de Wäert vun Ärem Investitiounsportfolio ze iwwerpréiwen, fir ze kucken, ob Dir Sue gewonnen oder verluer hutt. Mee vergiesst awer dofir net, reegelméisseg Äre Portefeuille ze analyséieren an en a Funktioun vun Ärem Profil, Ären Objektiver oder der aktueller Finanzsituatioun ze adaptéieren. Wann Dir wierklech keng Zäit oder Kenntnisser hutt, fir dëst ze maachen, wielt Investitiounsfongen, periodesch Investitiounspläng oder vertraut Ären Investitiounsportfolio Fachleit un.

Fir méi gewuer ze ginn, gitt op ing.lu/invest 

Back to Top
CIM LOGO