Sponsored ContentInvestéiert fir Är Projeten

RTL Lëtzebuerg

Dir hutt vill Pläng fir d‘Zukunft? Dir dreemt dovun, en Haus um Land ze kafen, d’Welt ze ëmseegelen, eng Veranda ze bauen oder Dir wëllt Äre Kanner an Enkelkanner beim Start an d’Liewen ënner d’Äerm gräifen? Hautdesdaags geet einfacht Spueren net méi duer, fir seng Projeten ëmzesetzen. An dofir entwéckelt de Foyer Investissementsléisungen op d’Mooss. Si kombinéieren d’Virdeeler vun enger Liewensversécherung mam Rendement vun de Finanzmäert. An Är Sue sinn zu all Moment verfügbar.

Spuerkont, Bourse oder en drëtte Wee?

Wéinst der rasanter Inflatioun kéinten d’Suen, déi Dir all Mount an Är Spuerbéchs stiecht, séier u Wäert verléieren. Op där anerer Säit sidd Dir warscheinlech kee Finanzexpert, dee sech mat der Volatilitéit un der Bourse auskennt …

Aus deem Grond huet de Foyer Investissementsléisungen a Form vu Liewensversécherunge geschaf. Esou kënnt Dir Kapital bilden, dëst wuessen dinn a gläichzäiteg d’Iwwerdroung vun Ärem Verméige plangen.

Léisungen op d’Mooss, déi sech un all Ufuerderungen upassen, egal ob Dir elo de Profil vun engem Investisseur hutt oder net. Am Verglach zu enger Pensiounsversécherung oder enger klassescher Liewensversécherung bidde si dee grousse Virdeel, datt Dir Äert gesamt Kapital oder en Deel dovun zu all Moment ouni Ofzich oder Fraisen ophiewe kënnt*.

D‘Konzept? Flexibel Liewensversécherungsverträg bei deenen Dir fräi bestëmmt, wann an- an ausbezuelt gëtt, an déi an e puer Investissementsinstrumenter uleeën. Esou kënnt Dir an Ärem eegene Rhythmus spueren, doriwwer eraus ass Äert  Kapital ëmmer verfügbar, wann Dir Boergeld braucht.

Déi ideal Léisung, fir Äert Kapital am Aklang mat Äre Besoinen, der Entwécklung vun Äre Fongen an Ärem Investisseursprofil wuessen ze dinn. Vum konservatiivsten iwwer den ëmweltbewossteste bis zum risikofreedegste Client, mat de verschiddene  Produite vu smartlife an invest4change fënnt jiddwereen eng Anlag, déi senge perséinlechen Ufuerderungen entsprécht.

Firwat am Kader vun enger Liewensversécherung spueren?

Iwwerdroe vun Ärem Verméigen

Hei läit de grousse Virdeel vun enger Liewensversécherung: Am Stierffall virum Oflaf vum Vertrag gëtt den ugespuerte Betrag – am Géigesaz zu Avoiren op der Bank – de Beneficiairen ouni Agrëff vun engem Nottär ganz séier ausbezuelt.

D’Beneficiairë mussen net onbedéngt Är gesetzlech Ierwe sinn: Dir selwer bestëmmt Är Beneficiairen am Stierffall. Dir kënnt dës Decisioun zu all Moment ouni Käschten änneren!

Steierfräit Kapital

Am Kader vun enger Liewensversécherung ass esouwuel d’Kapitalleeschtung, déi um Enn vum Vertrag ausbezuelt gëtt, wéi och d’Kapital, dat ganz oder deelweis ausbezuelt gëtt, steierfräi!

Optimale Kapitalschutz

Zu Lëtzebuerg kommt Dir bei enger Defaillance vun der Versécherungsgesellschaft an de Genoss vun enger onbeschränkter Sécherung vun Ären Avoiren (dat sou genannt „Sécherheetsdräieck“). Äert Kapital gëtt separat vun den Eegemëttele vun der Versécherungsgesellschaft bei enger Bank deposéiert, déi vum Commissariat aux Assurances zougelooss ass.

Esou sinn Är Avoire vum Kapital vun den Aktionären a Creanciere juristesch getrennt, an Dir kritt Äert ugespuertent Kapital integral virun allen anere Creancieren zeréck.

smartlife an invest4change: vill méi ewéi Liewensversécherungen!

Nieft de Virdeeler vun enger Liewensversécherung a puncto Besteierung, Plange vun Ärer Successioun a Kapitalschutz, bidden déi nei Versécherungsproduite smartlife an invest4change weider Virdeeler, déi soss den traditionelle Spuerproduiten oder klasseschen Investissementer virbehale sinn, an ausserdeem d’finanziell Performance mat der Verfügbarkeet vun den Avoire verbannen.

Besser Rendementsaussiichten

Äert Kapital muss net op engem Kont stagnéieren: smartlife an invest4change bidden Iech vill Méiglechkeeten, Är Erspuernesser entspriechend Ärem Investissementshorizont (méi oder manner laangfristeg) an Ärem Investisseursprofil (Sécherheetsbesoin, Risikobereetschaft, Equiliber oder Ëmweltbewosstsinn) wuessen ze dinn.

Dir musst kee Finanzexpert sinn, well Äre Beroder vum Foyer hëlleft Iech, déi Léisung auszesichen, déi am beschte bei Är Besoine passt. Dir verdeelt Är Anlagen op verschidde Vehiculë mat garantéiertem Taux oder variabelem Kapital. Déi leschtgenannt si méi riskant, bidden dofir awer och méi interessant Wuesstemsperspektiven.

Äert Liewen an och Är Besoinen ännere sech mat der Zäit: Dofir kënnt Dir zu all Moment eng aner Léisung wielen.

Dir braucht Boergeld?

Wat geschitt, wann Dir Är Suen éischter ewéi erwaart braucht? Dës Méiglechkeet stellt dacks en Hindernis fir Spuerpläng am Kader vu Liewensversécherungs- oder Pensiounsversécherungsverträg duer. D’Fraisen an d’Commissions de rachat kënnen am Fall vun engem virzäitege Versement ganz héich sinn an dat ugespuertent Kapital däitlech reduzéieren. Hei profiléiere sech d’Produite vu smartlife an invest4change: Et ass zu all Moment méiglech, d’Kapital deelweis oder ganz ausbezuelt ze kréien*!

Dir haalt Geldanlage fir riskant?

Leet Äre Kapp a Rou: Am Kader vun engem smartlife- oder invest4change-Vertrag gëtt d’Gestioun vun Ären Erspuernesser enger Ekipp vu Manager vum CapitalatWork Foyer Group uvertraut, déi iwwer 30 Joer Erfarung an der Gestion de patrimoine verfüügt. Si passen drop op, datt d’Risiko an de Rendement optimal equilibréiert sinn, fir potenziell Plus-valuen op de Finanzmäert ze notzen.

A schlussendlech sinn et Produiten, déi fir jiddwereen zougänglech sinn, a scho vun engem Bäitrag vun 200 € de Mount un ofgeschloss kënne ginn. Esou spuert Dir an Ärem eegene Rhythmus, ouni Ären Alldag ze belaaschten!

Méi Informatiounen

* Méi genee Informatiounen iwwer e fréizäitegt Ausbezuelen ouni Käschte fannt Dir an den Allgemenge Geschäftsbedéngunge vu smartlife an invest4change.

Back to Top
CIM LOGO