
Hamburg - Freiburg
1:0 Jatta (14'), 1:1 Matanovic (16'), 2:1 Vuskovic (64'), 3:1 Baldé (67'), 3:2 Matanovic (87')
Den Hamburger SV feiert a sengem leschten Heemmatch vun der Saison eng ënnert dem Stréch verdéngt Victoire géint den SC Freiburg. D'Breisgauer verpassen et, d'Qualifikatioun fir d'Conference League fix ze maachen. Bis op déi zwee Goler an der éischter Véierelstonn war déi éischt Hallschent net vill lass, och wa béid Ekippe beméit waren. Freiburg hat wuel nach den Europa-League-Match géint Braga an de Schanken. Hamburg sollt duerch en direkte Fräistouss nees a Féierung goen an dës kuerz drop ausbauen. Freiburg huet sech net opginn a koum duerch dem Matanovic säin zweete Gol nach eng Kéier erun; fir méi sollt et awer net duergoen.
Köln - Heidenheim (17.30 Auer)
Mainz - Union Berlin (19.30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Burnley - Aston Villa 2:2
1:0 Anthony (8'), 1:1 Barkley (42'), 1:2 Watkins (56'), 2:2 Flemming (59')
Géint den Ofsteiger Burnley huet Aston Villa, dat sech dës Woch fir d'Finall an der Europa League qualifizéiert hat, wichteg Punkten am Kampf ëm d'Champions League leie gelooss. Zwee Matcher viru Schluss huet d'Ekipp vu Birmingham 4 Punkte Virsprong op de Sechste Bournemouth an huet genee esou vill Punkten um Kont wéi Liverpool (59).
West Ham - Arsenal (17.30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Florenz - FC Genua 0:0
Mat dësem Resultat huet Florenz de Klassenerhalt geséchert. D'Toskaner louchen den éischten Deel vun der Saison op der leschter Plaz an hu laang op déi éischt Victoire gewaart. Mat 14 Gläichspiller hu am heefegsten d'Punkte gedeelt.
Parma - AS Roum (18.00 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Athletic Bilbao - Valencia 0:1
0:1 Sadiq (72')
Athletic Bilbao verpasst et, mat enger Victoire op eng Europa-League-Plaz ze sprangen. Valencia ass weider am Coup fir déi international Plazen.
Den Owend ass um 21 Auer nach de Classico tëscht dem FC Barcelona a Real Madrid. Do ka Barcelona de Championstitel kloermaachen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga