Sponsored ContentLount et sech eng Steiererklärung ze maachen?

RTL Lëtzebuerg

Eng Steiererklärung ofzeginn ass just ënner verschidde Konditioune fir Salariéen oder Rentner obligatoresch. An all aner Fall ass et engem fräigestallt eng Steiererklärung ze maachen. Allerdéngs erméiglecht et beispillsweis bei Versécherungen oder anere Finanzproduiten e Steierofzuch a ka soumat vu Virdeel sinn.

Fir wien (Residenten oder Frontalieren) ass d‘Steiererklärung obligatoresch?

  • Persounen, déi ee besteierbaart Akommes vu méi wéi 100.000 € hunn;
  • Persounen, déi méi wéi een Akommes (Paien oder Pensioun) hunn a wou de kumuléierte Revenu 36.000 € fir Steierflichteger an der Klass 1 an 2, respektiv 30.000 € fir Steierflichteger an der Klass 1A iwwersteigt;
  • bestuet an net usässeg Koppelen, déi de globale Steiersaz gefrot an op der Steierkaart agedroen hunn;
  • Persounen, déi ee besteierbaart Akommes vu méi wéi 11.265 € hunn, wouvu méi wie 600 € net zu Lëtzebuerg der Quellesteier ënnerworf sinn;
  • Steierzueler, deenen hiert besteierbaart Akommes méi wéi 1.500 € Recetten enthält, déi der Quellesteier um Akommes aus beweeglechem Kapital ënnerworf sinn;
  • Steierzueler, deenen hiert Akommes vum „chef de famille“ versteiert gëtt, dee sech fir eng Kollektivbesteierung entscheet huet, déi de facto net getrennt sinn a vun deenen deen ee Resident an deen aneren Net-Resident ass;
  • Steierzueler, deenen hiert besteierbaart Akommes méi wéi 1.500 € vum Nettoakommes enthält, déi der Quellesteier op Tantiemen ënnerworf sinn;
  • Steierzueler, déi vun der Steierverwaltung opfuerdert goufen, eng Steiererklärung ofzeginn.

Firwat sollt Dir eng Steiererklärung maachen, wann Dir net musst?

A verschidde Fäll kann eng Steiererklärung d'Steierlaascht reduzéieren. Zum Beispill:

  • fir bestëmmte Sonnerausgaben ofzezéien (z.B. Bauspuerverträg oder Versécherungsprimmen, Zënsen op engem Konsumentekredit, Rentenzuelungen am Fall vun enger Scheedung, Spende fir eng ONG, asw.) oder aussergewéinlech Ausgaben (medezinesch oder Käschten opgrond vu Behënnerung, déi de Steierzueler selwer bezuele muss, asw.);
  • wann d'Steieren op Kapitalgewënn un der Quell zeréckgehale ginn (z.B. Aktien Dividenden, Coupons d’obligations, asw.);
  • bei Akommesverloschter (z.B. negativem Nettoakommes aus dem Loyer vun enger Immobilie).

Wat gëtt et Neies? - Delaien

Vun dësem Steierjoer un muss d‘Steiererklärung bis den 31. Dezember agereecht ginn. Dës Frist gëllt souwuel fir Leit, déi eng Steiererklärung mussen ofginn, wéi och fir déijéineg, déi se fräiwëlleg ofginn.

Den LCGB steet Iech zur Säit a kuckt zesumme mat Iech, wéi eng Optioun fir Iech besser ass. Donieft informéiert den LCGB och iwwert déi verschidde Fräibeträg an hëlleft senge Membere gratis beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.

Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum LCGB.

Back to Top
CIM LOGO