Sponsored ContentMaacht Ären Impakt siichtbar

RTL Lëtzebuerg

BGL BNP Paribas a Mikado lancéiere My Com For Impact 2024. Dëse Concours went sech un Entrepreneuren an Entreprisen aus der Sozial- a Solidarwirtschaft, déi hirer Aktivitéit an dem positiven Impakt, deen si fir d'Gesellschaft an/oder d'Ëmwelt huet, méi Visibilitéit wëlle ginn.

Dir sidd Acteur an der Sozial- a Solidarwirtschaft? Lo ass de Moment, fir Är Aktivitéit méi an d'Liicht ze réckelen. Vum 24. Oktober 2023 bis zum 21. Januar 2024 lancéieren BGL BNP Paribas an d'Kommunikatiounsagence Mikado de Concours My Com For Impact. D'Gewënnerentreprise profitéiert vu finanzieller a personeller Ënnerstëtzung, fir hirer Kommunikatioun neien Driff ze ginn, an op déi Manéier hirem Engagement fir eng méi nohalteg an inklusiv Welt méi Visibilitéit ze ginn.

De Concours ass op fir Entitéiten aus der Sozial- a Solidarwirtschaft ewéi Societéite mat gesellschaftlechem Impakt (SIS), Kooperativen oder Associatiounen, déi eng kommerziell Aktivitéit ausüben. „Mir acceptéieren och Kandidature vun Eenzelentrepreneuren oder vu klassesche Societéiten. Den Haaptprinzip dobäi ass, datt d'Acteuren de Mënsch grad ewéi Sozial- oder Ëmweltziler an de Mëttelpunkt vun hirer Aktivitéit stellen, onofhängeg vun der juristescher Form vun de Strukturen, vun deenen si gedroe ginn“, erkläert d'Eliane Thines, Responsabel fir Kommunikatioun bei BGL BNP Paribas. „Zu de weidere Selektiounskrittäre gehéiert, datt d'Entitéit op d'mannst säit engem Joer existéiert an en innovative Produit oder Service am Beräich vun der Sozial- a Solidarwirtschaft (Economie Sociale et Solidaire, ESS) kommerzialiséiert, deen e Sozial- oder Ëmweltimpakt huet, op regionalem, nationalem oder internationalem Niveau.“

E Secteur am Opbroch

Zu Lëtzebuerg kann den ESS-Secteur eng beträchtlech Entwécklung virweisen. 2020 war e fir 15.000 Aarbechtsplazen, verdeelt iwwer 2.135 Strukturen, d. h. 4 % vun den Aarbechtskräften an 2,2 % vun der nationaler Brutto-Wäertschëpfung verantwortlech. Dagdeeglech bidden d'Acteure vun der Sozial- a Solidarwirtschaft hir Wueren a Servicer an de verschiddensten Aktivitéitsberäicher un. No den Donnéeën um Portal vun der Sozial- a Solidarwirtschaft si 47 % dervun am Beräich vun der Sozialhëllef aktiv, 23 % am Gesondheetssecteur, 8 % an der Educatioun an 22 % an anere Secteuren ewéi Kultur, Sport oder Ëmwelt. E Groussdeel bitt seng Aktivitéiten a Form vun enger ASBL (76 %) un - Associatiounen, déi op d'Ënnerstëtzung vun iwwer 67.000 Benevollen ziele kënnen, déi méi ewéi 15 Milliounen Aarbechtsstonne pro Joer leeschten,… *

D'Bedeitung vun den „Entreprisen“ an der Sozial- a Solidarwirtschaft ass hautdesdaags op europäeschem an internationalem Niveau unerkannt. Persounen, déi sech an der Sozial- a Solidarwirtschaft engagéieren, wëllen hiren Akzent op Wäerter wéi Kooperatioun, géigesäiteg Hëllef an Nohaltegkeet setzen. „Als Bank ass et dofir fir eis wichteg, déi speziell Bedierfnesser vun dësen Entitéite gutt ze verstoen, déi iwwer hir finanziell a wirtschaftlech Entwécklung eraus virun allem bestrieft sinn, e positiven Impakt ze hunn“, preziséiert d'Eliane Thines.

D'Kommunikatioun – en dacks vernoléissegten Aspekt

„Bei My Com For Impact geet et dorëm, eng Entitéit an der Sozial- a Solidarwirtschaft vun enger op si ugepasste Prestatioun profitéieren ze loossen, fir hire positiven Impakt duerch d'Implementéierung vu Kommunikatiounsaktiounen ze verstäerken“, fiert d'Responsabel fort. „Iwwer dës Initiativ eraus begleet BGL BNP Paribas d'Entreprisen zanter véier Joer am Kader vun hirem Dispositif Act for Impact.“ BGL BNP Paribas an de Grupp BNP Paribas hunn als strateegescht Zil, dës Strukture beschtméiglech ze fërderen, ze begleeden an ze finanzéieren. Dat geschitt duerch d'Formatioun vun de Gestionnairen am Ëmgang mat dësen Erausfuerderungen, an andeems gëeegent Approchen entwéckelt ginn, déi sech op Bankservicer bezéien, mee awer och doriwwer eraus ginn.

Enn Januar 2024 préift e Selektiounscomité sämtlech Kandidaturen, déi am Kader vun dësem Concours agereecht ginn, a behält 5 Finalisten zeréck. Déi ginn dann agelueden, fir hire Pitch virun der Endjury ze halen. Dës 5 Entitéite ginn och op déi grouss Ofschlosssoirée am Mäerz invitéiert, wou si d'Geleeënheet kréien, sech virun engem méi grousse Publikum ze presentéieren. De Gewënner, deen op dëser Finall bekannt gemaach gëtt, kritt finanziell a personell Ënnerstëtzung offréiert, fir seng Kommunikatioun ze  entwéckelen. „Déi Entreprisen, déi am Beräich vun der Sozial- a Solidarwirtschaft aktiv sinn, verwende vill Zäit an Energie, fir hire Projet ze entwéckelen an en zolitte Businessplang auszeschaffen. D'Kommunikatioun ass e Volet, deen si dacks op der Säit loossen oder relativ spéit uginn, well et hinnen un Zäit oder um néidege Budget feelt. Dobäi ass d'Kommunikatioun e wichtege Wuesstumsvecteur, deen d'Bekanntheet vun dëse Strukture schnell ka steigeren. Mat dësem Concours wëlle mir dem Gewënner erméiglechen, dësen Hiewel ze aktivéieren“, verréit d'Vanessa Buquet, Managing Partner vun der Agence Mikado.

Konkreet Aktiounen, fir d'Bekanntheet ze steigeren

D'Kommunikatiounsberodungsagence Mikado engagéiert sech selwer staark fir eng méi nohalteg Kommunikatioun a fuerdert hir Clienten haut op, ESG-Krittären an hir Kommunikatiounsstrategie ze integréieren. „Mir bidden eis gesamt lokal Expertis an Erfarung un, fir de Gewënner a senger globaler Kommunikatiounsstrategie a speziell am Beräich RSE (Responsabilité Sociale des Entreprises) ze begleeden“, fiert d'Vanessa Buquet fort. „Mir leeën ënner anerem Wäert dorop, datt déi agesat Kommunikatiounsstrategie mat de Wäerter, der Missioun an der Identitéit vum Gewënner harmonéiert. Eis Roll besteet doranner, kloer ze definéieren, wéi eng Ziler et ze erreeche gëllt, Prioritéite festzeleeën an eng Strategie ze entwéckelen, fir d'Visibilitéit ze vergréisseren, ënner Berécksiichtegung vun deem, wat schonn ënnerholl ginn ass. Dono definéieren an implementéiere mir gëeegent Moossnamen a schaffen un de Kommunikatiounsoutilen, op déi den Akzent soll geluecht ginn: Corporate Identity, Internetsäit, digital Integratiounsstrategie, Publicitéitscampagne, a.s.w.“

BGL BNP Paribas engagéiert sech och hirersäits, eng Begleedung an hir Expertis beim sozialen an ekologeschen Entrepreneriat bäizesteieren. Fir dës Strukturen ass den Impakt grad esou wichteg ewéi de finanziellen Aspekt, et muss een en dofir gutt berechnen an iwwer d'Jore verfollege kënnen. Zousätzlech zu de Bedierfnesser bei der Kommunikatioun an den traditionelle finanzielle Bedierfnesser wëll d'Bank dofir dës Clienten an hiren Demarchë bei der Impaktmiessung begleeden“, ënnersträicht d'Eliane Thines weider. „Mir hëllefen hinne bei der Dokumentatioun, ënner Verwendung vun de richtegen Indicateuren a Miessungen. Fir d'Acteure vun der Sozial- a Solidarwirtschaft ass et vu weesentlecher Bedeitung, sech an e lokalen Ekosystem vu Partner ze integréieren, déi am Secteur spezialiséiert sinn an déi hir Hëllef a verschiddene Beräicher abrénge kënnen.“

Iwwer dëse Concours wëllen BGL BNP Paribas a Mikado op hir Manéier zum Entstoe vun enger méi sozialer an ëmweltfrëndlecher Wirtschaft bäidroen. Dëse Secteur wäert sech an den nächste Jore weider entwéckelen, besonnesch duerch d'Impulser, déi vu Bierger kommen, déi op der Sich no Sënn esouwuel an hirer Aarbecht ewéi och um perséinleche Plang sinn. Si tendéieren ëmmer méi derzou, sech beim Akaf fir lokal Produiten a Servicer ze entscheeden, déi e positiven an inspiréierende Sozial- an Ëmweltimpakt hunn.

Fir beim Concours matzemaachen, gitt op bgl.lu/fr/mycomforimpact

Fir weider Informatiounen iwwer Act for Impact: Act for Impact | BGL BNP Paribas

*Quell: Portal vun der Sozial- a Solidarwirtschaft (Kennzuelen - Portal vun der Sozial- a Solidarwirtschaft – Lëtzebuerg (public.lu))

Back to Top
CIM LOGO