
Mat dem neie Joer komme gutt Virsätz. Mee am Joer 2024, solle mir eis net erlaben, e bëssen ze dreemen? Zënter méi wéi engem Joer zu Lëtzebuerg etabléiert, verwandelt d'Firma WOT Är Dreem a Realitéit, andeems se Iech e verbessert Fuererliefnes op de Stroosse bitt.
WOT ass déi eenzeg Firma am Land, déi eng komplett hausintern entwéckelt, vollstänneg homologéiert Motor-Programméierungsléisung ubitt, déi mat enger breeder Palette vu Marken a Motore kompatibel ass. An anere Wierder, WOT bitt en eenzegaartegt Fuergefill, déi d'Grenze vun der automobiller Leeschtung nei definéiert, wärend se sech un déi aktuell Standarden hält. D'Sensatioune beim Fuere gi méi dynamesch an opreegend. An dat ass eppes, wouvun een dreeme kann.

WOT ënnerscheet sech andeems se aussergewéinlech Leeschtung fir Gefierer bitt, ouni déi legal Dimensioun ze vernoléissegen, en Aspekt, deen dacks an dësem Secteur iwwersi gëtt. WOT bitt Programméierunge fir hybrid, elektresch, Bensinn oder Diesel Motoren, an dat fir eng breet Palette vu Marken a Motore. Mee ass dat legal? Jo, dank enger Homologatioun, engem Prozess, duerch deen all d'Hiersteller déi néideg Geneemegung kréien, fir hir Gefierer legal um Automobilmarché ze verkafen. En Detail, deen e groussen Ënnerscheed mécht laut François Robillard – Grënner vu WOT: „D'Homologatioun garantéiert, dass eis Programméierungen déi gülteg Normen a Reglementatioune respektéieren, dank deem mir eis an der Legalitéit befannen. Dat stäerkt d'Vertraue vun eise Clienten an ass eist Haaptgeschäft.“
All Schrëtt bei eise Programméierunge gi grëndlech studéiert a getest, fir en Equiliber tëscht erhéichter Leeschtung an dem Respekt vun Ëmwelt- a Sécherheetsnormen ze garantéieren. D’SNCA huet WOT en exklusiivt Verfare fir d'Unerkennung vum Prüfbericht accordéiert, dee vum TÜV Rheinland Lëtzebuerg ausgestallt gëtt, enger onofhängeger Zertifizéierungs- a Kontrollinstanz. Dëst garantéiert eng séier an effizient Ëmsetzung vun de strenge Reegelen am Beräich vun Autosprogramméierungen.

Am Géigesaz zum generelle Glawen, beschränkt sech eng Programméierung net exklusiv op Verbrennungsmotoren. Zum Beispill bitt de Katalog vu WOT Léisunge fir d'ganz Palette vun de Porsche Taycan Motoren, an d’Equipe ass nach laang net um Enn bei den Elektromodeller.
Wärenddeems mir eis gutt Virsätz huelen, setzt WOT seng Ziler ëm. D'Firma zielt schonn 155 Autosmodeller a plangt hire Katalog bis 2025 op méi wéi 500 Modeller auszebauen. Domat géif WOT zu engem Big Player um Programméierungsmarché ginn.
Natierlech kënnt dann d'Fro vun der Garantie vum Hiersteller. Wann un engem Gefier Verännerunge gemaach ginn, féiert dat dacks zum Verloscht vun der Garantie vum Hiersteller. E bedeitenden Verloscht. Wann d'Zouverlässegkeet vum Gefier net méi déi selwecht ass an d'Komponente méi belaascht gi bedeit dat fir de Besëtzer ee finanzielle Risiko. „Mir hunn ee komplette Motor-Garantieprogramm entwéckelt, deen et all Client erméiglecht, hiert Gefier ze programméieren, ouni Angscht ze hunn am Fall vun engem Problem am Ree stoe gelooss ze ginn“, erkläert am Detail de Jan Buyse – Grënner vu WOT.
Wann dëst neit Joer vun Erliefnesser gepräägt wäert sinn, ass dat natierlech dank WOT.
Reservatioune kënne lo scho fir Gefierer am Katalog gemaach ginn. Fir déi Leit deenen hiren Auto nach net am Katalog ass bitt WOT eng Waardelëscht un. Dës Lëscht erlaabt et Enthusiasten, informéiert ze ginn, soubal hiert Gefier vun de Servicer ka profitéieren, déi vu WOT ugebuede ginn.
Méi Informatiounen: www.wot.lu