Den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den Direkter vun der Chambre des salariés Sylvain Hoffmann souze sech e Mëttwoch de Moie géigeniwwer.
Et feelt u Gerechtegkeet, fënnt de Salariatsvertrieder. Aarbecht géif ze vill besteiert ginn, Kapital a Verméigen net genuch. An de Spëtzesteiersaz misst vill méi héich sinn. E Steiersystem wier ni perfekt, och eisen net, gëtt de Finanzminister zou. Et géif ee permanent dru schaffen, en ze verbesseren. Eeben och elo mat der Individualiséierung an enger Steierklass, wou Ongerechtegkeete méi solle verschwannen.
Eise Barème wier zwar progressiv, awer virun allem no uewen hin net progressiv genuch, kritiséiert de Sylvain Hoffmann, deen och vun engem Problem schwätzt, datt d'Betribsbesteierung an de leschte Joren erofgaangen ass. Och eng Hausse vum Spëtzesteiersaz ass jo net virgesinn.
D'Devis vum Staat wier virun allem déi, fir déi breet Mass vun de Leit, de Mëttelstandsbockel, ze entlaaschten. Där Ausso vum Finanzminister steet den CSL-Direkter awer skeptesch géintiwwer.
Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn kéim net mat dëser Regierung. Fir d'CSL ass dat keen Tabu, och wann ee just déi grouss Ierfschaften domadder viséiert an déi breet Populatioun wéilt schützen. De Gilles Roth huet gemengt, datt sou eng Steier souwisou net de grousse Worf wär bei 800 Ierfschaften d'Joer. Méi wéi 4 vu 5 Ierfschafte sinn aktuell steierfräi, seet d'CSL. A sou géifen d'Ongläichheete weider an d'Luucht goen.
En aneren Diskussiounspunkt war d'Betribsbesteierung. Déi wier ze niddreg an an de leschte Joren ëmmer méi erofgaangen, huet de Sylvain Hoffmann kritiséiert. Mir wieren awer net eleng op der Welt, äntwert de Minister Roth. Et bräicht een eng kompetitiv Betribsbesteierung, fir datt Betriber op Lëtzebuerg kommen an dowéinst wär een erofgaangen, fir méi no un d'OECD-Moyenne ze kommen, déi bei 32% bis 24% läit. 270 Entreprisë vu 40.000 géife méi wéi 75% vun der Betribsbesteierung ausmaachen. Iwwer déi lescht zwee Joer wär d'Betribsbesteierung vun 2,4 Milliarden op 3,6 Milliarden an d'Luucht gaangen, sou nach de Gilles Roth. Dat wär awer net wéinst dem niddregen Taux, huet de Sylvain Hoffmann gekontert, mä wéinst enorme Benefisser, déi gemaach goufen.
D'CSL stéiert sech och um Regime vun den "Impatriés". Dat sinn déi sougenannt Talenter, déi aus dem Ausland heihinner schaffe kommen a steierlech Avantagen hunn. Si musse fir eng gewëssen Zäit just Steieren op der Hallschent vun hirem Revenu bezuelen. Dat ass eng ganz gutt a wichteg Mesür, huet de Finanzminister erkläert. Dofir hätt een dee Regime méi attraktiv gemaach, well d'Finanzindustrie bräicht déi néideg Talenter. D'Finanzindustrie dréit zu 25% vum Wirtschaftswuesstem bäi an zu 75% vum Steieropkommes vun de Betriber. 8.400 Milliarden Euro an de Lëtzebuerg Fonge misste vun héich spezialiséierte Leit an Talenter betreit ginn, dofir wär dat eng ganz wichteg Mesür, sou nach de Gilles Roth.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.