Sponsored ContentNohalteg liewen

RTL Lëtzebuerg

Energie spueren an d'Ëmwelt schounen – wat kann ech am Alldag maachen?

D'Energiepräisser klammen, den Interessi fir ëmweltfrëndlech Léisungen geet ëmmer méi erop an gewënnt méi un Unhänger. D'Thema vun der Nohaltegkeet war nach ni esou present an den Käpp vun den Konsumenten ewéi haut. Och fir d'Entreprisen ass Nohaltegkeet e wichtegt Thema, eng grouss Erausfuerderung, mä och d'Méiglechkeet nei Weeër anzeschloen.

Stroumverbrauch am Stot

Hautzedaags sinn Stroumfriesser am Stot näischt Neies méi. Bei deem Thema well net nëmmen d'Populatioun ëmdenken, mee och d'Entreprisen déi Haushaltsapparater hierstellen. D'Entreprisen setzen hei ëmmer méi op innovativ Technologien fir den Energieverbrauch ze reduzéieren. Hei lount et sech déi méi al Apparater ze ersetzen – an dat net nëmmen, fir den Stroumverbrauch am Stot ze reduzéieren. Och innovativ Funktiounen wei clever Stéierungen iwwert d'App, d'automatesch entdeeën an en Timer erhéijen den Confort vun den Konsumenten an erlaben d'Ressourcen geziilt anzesetzen. Al Apparater dogéint, loossen den Zieler méi schnell dréien.

Eng Spullmaschinn, déi dat natierlecht Material „Zeolith“ benotzt, fir d'Dréchen vum Geschier. Eng intelligent Wäschmaschinn, déi automatesch präzis doséiert. En Frigo, deen d'Liewensmëttel wéinst sengem speziellen Frëschheetssystem méi laang frësch hält. En Trockner, deen déi waarm Loft ëmmer erëm benotzt, fir d'Kleedung effizient ze dréchnen. Dat hei sinn just puer Beispiller, wéi een am Alldag Energie an Ressourcen spueren kann.

Ëmmer méi Entreprisen, déi Haushaltsapparater hierstellen maachen Reklamm fir Nohaltegkeet an ëmweltbewossten Léisungen, mee wat stécht eigentlech genau dohannert?

Mir hunn ons hei verschidden Haushaltsproduiten vun der Firma Bosch ugekuckt, eng vun deenen gréissten an wichtegsten Firmen vun den Haushaltsapparater.

Waasser spueren mat den i-DOS Wäschmaschinnen

Nohalteg liewen fänkt beim wäschen un. Bei der i-DOS Wäschmaschinn gëtt et een Doséierungssystem, deen d'Wäsch effizient an ouni Méi wäscht. D'Wäschmaschinn erkennt d'Wäschquantitéit, den Textiltyp an den Verschmotzungsgrad. D'Wäschmaschinn doséiert ausserdeem déi exakt Quantitéit un Wäschmëttel an berécksiichtegt d'Häert vum Waasser, fir Kallek ze evitéieren.

Esou kann net nëmmen d'Wäschmëttel, mee och d'Waasser an zousätzlech Spullgäng gespuert ginn – an dat an der beschten Energieeffizienzklass A. Esou spuert i-DOS Wäschmaschinn bis zu 38%1 Wäschmëttel an bis zu 10l Waasser2 pro Wäschzyklus.

VitaFresh: manner Liewensmëttelverschwendung, méi laang unhalenden Geschmaach

Déi richteg Lagerung vun Liewensmëttel ass extrem wichteg. D'Kombinatioun vum Frigo an Tifküler beim VitaFresh vun Bosch kreéiert dat ideaalt Ëmfeld fir d'Liewensmëttel méi frësch ze halen an Liewensmëttelverschwendung ze vermeiden. Mat deenen zwou verschidden Klimazonen ginn Fleesch an Fësch bei 0°C gehal, wärenddeem d'Uebst an d'Geméis duerch eng Fiichtegkeetsregelung ënner idealen Konditiounen an engem besonnesch groussen Tirang bléiwen.

Energie spueren mat den PerfectDry Spullmaschinnen

D'PerfectDry Spullmaschinnen benotzen dat natierlecht Mineral „Zeolith“, fir d'Fiichtegkeet aus der “Botzphas” ze huelen an an waarm Loft ëmzewandelen. Déi Loft gëtt dann gläichméisseg verdeelt an dréchent duerch eng innovativ 3D-Loftstréimung schounend awer mat Kraaft. Esouguer Plastiks Geschier dréchent perfekt dank dëser PrefectDry-Technologie.

D'Resultat: D'PerfectDry Spullmaschinnen verbrauchen 20%3 manner Energie wéi Spullmaschinnen ouni „Zeolith“. PerfectDry: méi Energie spueren a manner zousätzlech dréchnen.

Nohalteg liewen an Energie spueren mam Bosch Wärmepompeltrockner

Den A+++ Bosch Wärmepompeltrockner bitt déi effizientsten Trocknungstechnologie an den héchsten Confort. Den innovativen Trockner hëlt déi benotzten Loft, fir d'Kleedung ze dréchnen. Esou reduzéiert den Trockner den Energieverbrauch em bis zu 68%4 géigeniwwer vun Kondenstrockner. Wärenddeem bei aner Trockner d'Effizienz sech reduzéiert an den Fuselsieb no all Virgang manuell propper gemaach muss ginn, mécht sech den Wärmepompeltrockner mat senger AutoClean-Technologie an Kondensator selwer propper. Esou bléift den Energiebedarf wärend der ganzer Benotzung duerch den Wärmepompeltrockner konstant.

Baken – al Gewunnechten als Energiefalen

Ween kennt et net: Schonn beim Deeg réieren – oder schonn éischter – ass et Gewunnecht, den Uewen vir ze hëtzen. Duerch onerwaart Verspéidungen wärend dem Baken, kann et och mol sinn, dass den Uewen méi laang leeft. Dobäi ass virhëtzen an villen Fäll grondsätzlech guer net noutwenneg an den Verzicht dorop spuert bis zu 20% Energie. Och beim eraushuelen vum Bakblech oder aneren Saachen aus dem Kachraum vum Uewen, kann een bis zu 20% spueren.

Nohaltegkeet duerch Innovatioun virundreiwen

D'Interessi vun den Verbraucher un ëmweltschounenden Alternativen geet ëmmer méi erop, mee och d'Fuerschung an technologesch Entwécklung déi mir bei den Hiersteller gesinn, kann sech blécken loossen. Ronn 40.000 Mataarbechter vun Bosch, déi an der Softwareentwécklung schaffen, dréiwen déi digital Transformatioun weltwäit un. Op 128 Plaze weltwäit entwéckelen d'Mataarbechter Technologien fir Produiten an Servicer – Nohaltegkeet ass dobäi en zentraalt Thema vun der Fuerschung. Duerch wirtschaftlech, ökologesch an sozial verantwortlechen Handel well Bosch d'Liewensqualitéit vun de Mënschen verbesseren an d'Liewensgrondlag vun dëser an vun der zukünfteger Generatioun sécheren. Ersetzt och dir déi al ineffizienten Hausapparaten an leescht och dir en Beitrag fir den ökologeschen Wandel.

Sidd dir virwëtzeg ginn? Dann kuckt iech eis Bosch Internetsäit un oder besicht den Bosch Store am Häerzen vun Lëtzebuerg (40 rue du Curé, Luxembourg) an loosst iech direkt op der Plaz beroden.


1  Duerchschnëttlech Spueren vun flëssegem Wäschmëttel beim Verglach zwëschen enger automatescher Doséierungstechnologie an enger manueller Doséierung, International Journal of Consumer Studies 38 (2014), 265 f 

2  D'Rechnung baséiert sech op enger Wäsch an engem 40°C „Pflegeleicht“ Programm mat 38% manueller Iwwerdoséierung vun flëssegem Wäschmëttel am Verglach mat enger automatescher Doséierung mat 10kg Beluedung an engem 4D Wäschsystem – d‘Enquête WL 1547/19 den 08/2019 vum „WFK Institut für angewandte Forschung GmbH“, am Numm vun der BSH Hausgeräte GmbH.

3  Bosch PerfectDry Spullmaschinn mat Zeolith-Technologie mat engem Energieverbrauch vun 0,73 kW/h, vis-à-vis vun enger vergläichbarer Bosch Spullmaschinn ouni Zeolith mat engem Energieverbrauch vun 0,92 kW/h, Wäert pro Zyklus no dem EU-Reglement Nr. 2019/2017.

4  En typeschen Bosch Wärmepompeltrockner mat EEK: A+++, 8kg, 176 kWh/Joer, am Verglach mat engem typeschen Bosch Kodenstrockner EEK: B, 8 kg, 561 kWh/Joer; d'Rechnung baséiert op der EU-Veruerdnung 392/212.

Back to Top
CIM LOGO