
Elo, wou mir amgaang sinn, eng global Kris op ënnerschiddlechen Niveauen ze erliewen, ass et un der Zäit, datt d'Betriber ufänken, iwwer den Tellerrand eraus ze kucken an eng méi nohalteg Zukunft unzestriewen.
Steigend Rostoff- an Energiepräisser stellen ënner anerem déi traditionell Entwécklungsmodeller a Fro a bestätegen d'Noutwendegkeet, qualitative Wuesstem ze schafen, ënner Berécksiichtegung vu verschiddenen EU-Reglementer, déi geschwënn och virun Ärer Dier stoe wäerten: Green Deal, CSRD, Taxonomie…
Et ass elo un der Zäit, frësche Wand eranzebréngen, Är Geschäftsentwécklung nei ze iwwerdenken an déi nohalteg Entwécklung an de Mëttelpunkt vun Ärer Strategie ze stellen.
Am wäitste Sënn garantéiert de Begrëff vun der Sustainability oder der nohalteger Entwécklung eng intergenerationell Gerechtegkeet an ziilt drop of, „d'Bedierfnesser vun der haiteger Generatioun ze erfëllen, ouni awer d'Kapazitéite vun den zukünftege Generatiounen ze kompromettéieren, hir eege Bedierfnesser ze erfëllen“ (Brundtland Report 1987). An de Betriber wëll déi nohalteg Entwécklung eng laangfristeg Plus-value kreéieren. Dobäi setzen sech déi verschidde Firmen domat auserneen, wéi si an ekologescher, wirtschaftlecher a sozialer Hisiicht an um Niveau vun der Betribsféierung funktionéieren. Nohalteg Entwécklung baséiert op der Iwwerzeegung, datt esou Strategien d'Laangliewegkeet vun der Firma fërderen a Léisunge fir déi gesellschaftlech wéi och ekologesch Problemer proposéieren.
„Nohalteg Entwécklung ass keng Optioun méi, mee eng Noutwendegkeet. Fir d'Betriber heescht dat: Virschrëfte respektéieren, sech un d'Erwaardunge vun der Gesellschaft upassen a kompetitiv bleiwen, wärend si de Risike vun der ekologescher an der geopolitescher Lag d'Stier bidden.“
Fernand Ernster, President vun der Chambre de Commerce
D'Chambre de Commerce huet dës Transformatioun scho mat der Aféierung vun den 10 Luxembourg Sustainable Business Principles lancéiert. Dës 10 Leetprinzippien ënnerstëtzen a fërderen d'Integratioun vun der Nohaltegkeet an d'Strategie vun de lëtzebuerger Betriber. Dëst steet am Aklang mat den Engagementer vum Paräisser Klimaofkommes an der Agenda 2030 vun der UNO, déi déi international Gemeinschaft mobiliséiert, 17 nohalteg Entwécklungsziler ëmzesetzen.
E groussen Deel vun de Länner an der ganzer Welt, zesumme mat hiren Institutiounen, hire Bierger an hire Entrepreneuren, si sech schonn zënter enger Rei Jore bewosst, wéi vital a wéi dréngend et ass, déi verschidden ekologesch a sozial Erausfuerderungen unzegoen, déi déi mënschlech Aktivitéite fir eise Planéit duerstellen. Dës wirtschaftlech Aktivitéite schafe Wäert a Räichtum a sinn deementspriechend eng dreiwend Kraaft fir Wuelstand an de soziale Fortschrëtt. Fir awer den Ekosystem, an deem d'Betriber aktiv sinn, net a Gefor ze bréngen, muss déi wirtschaftlech Entwécklung „nohalteg“ sinn an dat gëllt fir all Zorte vu Betriber. Dëst ass haut eng Selbstverständlechkeet ginn!
„D'Handwierk steet wéi keen anere Secteur fir Nohaltegkeet. Ee verantwortungsvollen Ëmgang mat Ressourcen, regionaalt Engagement, Ausbildung vu qualifizéiertem Personal a kuerz Weeër gehéiere fir vill Handwierksbetriber zum festen Alldag.“
Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers
Dës Entwécklung erfuerdert gewëssen Efforte vun de Betriber aus alle Secteuren. Aus dësem Grond gouf decidéiert, d'House of Sustainability ze grënnen, fir si dobäi ze begleeden, hir nohalteg Transitioun méi einfach ze gestalten.
D'Initiativ gëtt vun der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam INDR gedroen an huet sech als Zil gesat, en Ekosystem opzebauen, fir déi nohalteg Transitioun vu Betriber vun alle Gréissten an aus alle Secteuren ze fërderen. D'Roll vum House of Sustainability besteet doran, d'Betriber ze orientéieren an hinnen an Zesummenaarbecht mat de Partner vun dësem Ekosystem eng ëmfaassend Palette un Déngschtleeschtungen zur Verfügung ze stellen, déi hir Besoine berécksiichtegen.
„Am aktuelle sozio-ekonomesche Kontext ass et vun entscheedender Bedeitung, datt d'Betriber géigeniwwer vun den Erausfuerderunge vun der nohalteger Entwécklung widderstandsfäeg sinn. D'Betriber si mat verschiddene Krise konfrontéiert. D'Energiekris verdäitlecht dobäi, datt den „Ëmwelt“-Volet a Saachen Nohaltegkeet haut eng Prioritéit fir d'Geschäftsleit duerstelle muss – a ville Fäll geet et hei souguer ëm d'Iwwerliewen. Et ass also onbedéngt noutwendeg, Moossnamen ëmzesetzen, fir sech op d'Zukunft virzebereeden.“
Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers
Et ass hir Aufgab, dës Transitioun ze beschleunegen an ze vereinfachen, andeems d'Betriber op dräi verschiddenen Niveauen ënnerstëtzt ginn: Informatioun a Sensibiliséierung, Orientéierung a Fortbildung, Valoriséierung a Labelen.
Fir dëst ze erreechen, setzt d'House of Sustainability op e staarkt Netzwierk vu Partneren, déi déi passend Tools a Léisunge fir d'lëtzebuerger Betriber entwéckelt hunn.
„Déi nohalteg Transitioun vun de Betriber erliichteren, andeems een déi wichtegst Acteuren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung zesummebréngt? Dat ass eist Zil! Fir dëst ze erreechen, muss jiddereen zesummeschaffen, souwuel d'Acteuren aus der Geschäftswelt wéi och d'Experten op der Plaz, fir eise Betriber passend an zougänglech Déngschtleeschtungen unzebidden. Dank eise Partneren an Experte kann d'House of Sustainability Iech begleeden, op Är spezifesch Besoine reagéieren an Iech an Ären nohaltege Projeten ënnerstëtzen.“
Fernand Ernster, President vun der Chambre de Commerce
Déi nei Website (www.sustainability.lu), déi den 12. Abrëll 2023 lancéiert gouf, beinhalt eng ganz Rei Informatiounen zum Thema Nohaltegkeet a bitt spezifesch Inhalter, déi op d'Bedierfnesser vun de Betriber ugepasst sinn: Dokumenter, eng Oplëschtung vun Déngschtleeschtungen an Tools, déi verschidden Acteuren, Labelen, Recommandatiounen...
Ab Juni 2023 ginn all Mount Sustainability Cycles organiséiert. Dëst sinn thematesch Events, déi sech mat den 10 Leetprinzippie vun der nohalteger Entwécklung beschäftegen.
Déi national Betriber profitéieren hei vun engem gratis perséinleche Berodungsservice, deen hinnen op si zougeschnidden Déngschtleeschtungen ubitt.
D'„SME Packages - Sustainability“ bidde personaliséiert Ënnerstëtzung a Finanzéierung fir d'Ëmsetzung vu konkrete Léisungen, déi den Impakt op d'Ëmwelt reduzéieren an et erméiglechen, Käschten ze spueren, andeems den Energie- oder de Waasserverbrauch reduzéiert, den Offallmanagement verbessert oder den CO2-Foussofdrock verréngert gëtt. Dëse Package proposéiert ee pauschale Subventiounsbetrag vu 5.000 € fir eng Investitioun tëscht 6.650 € (hors TVA) a 25.000 € (hors TVA).
Déi nohalteg Transitioun wäert duerch d'Mobiliséierung vun de Betriber an den Handwierker virugedriwwe ginn, déi dëst als Investitioun an hir Gesellschaft an och a sech selwer ugesinn.
Haut bitt d'House of Sustainability de lëtzebuerger Betriber d'Méiglechkeet, méi séier virunzekommen an ënnerstëtzt si an all Etapp vun hirer Transitioun.
„Et geet dorëms a Generatiounen ze denken an dobäi permanent Mesuren ze ergräifen, déi eis zukünfteg Liewensgrondlag ofsécheren. Dowéinst ass et indispensabel och ekonomesch a sozial Aspekter ze betruechten an dëst an d'Aarbechtsweis vun de Betriber ze integréieren, fir dass si sech zukunftsorientéiert a stabil opstelle kënnen.“
Tom Oberweis, President vun der Chambre des Métiers
„Ech sinn iwwerzeegt, datt d'House of Sustainability d'Kredibilitéit an d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg als Land, dat sech op innovativ Aart a Weis fir eng nohalteg Entwécklung vu senger Wirtschaft engagéiert, verstäerkt/renforcéiert, an datt dëst e kollektive Virdeel wäert sinn, deen all eise Betriber zegutt kënnt.“
Fernand Ernster, President vun der Chambre de Commerce
Méi Informatiounen ënnerwww.sustainability.lu
