Gouf zweemol op d'Plaz geruffPolice reagéiert op Kritik no Doudesfall vu Mann op der Gare

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Weekend an der Stroossbuerger Strooss e Sans-Abri gestuerwen ass, reagéiert d'Police op Reprochen, datt een de Fall net vun Ufank un eescht geholl hätt.
Am Police-Bulletin gëtt rappeléiert, datt bei engem Verdacht op e medezineschen Noutfall den 112 soll geruff ginn.
© RTL Mobile Reporter

D'Police bezitt Positioun zum rezenten Doudesfall an der Stroossbuerger Strooss an zu de Reprochen, déi plazeweis vis-à-vis vun der Police formuléiert goufen. D'Beamte wieren e Samschdeg géint 12:30 Auer geruff ginn, well e Mann an der praller Sonn géing schlofen.

Et hätt sech ëm e Sans-Abri gehandelt, deen der Police bekannt war.

Aus der Vue vun de Polizisten hätt kee gesondheetlech kriteschen Zoustand kënne festgestallt ginn. Deemno wier och keng Ambulanz geruff ginn.

Géint 18 Auer Owes wieren d'Polizisten dunn eng zweete Kéier vun der nämmlechter Fra ugeruff ginn, well d'Persoun elo net méi uspriechbar wier. D'Police an d'Rettungsdéngschter wieren op d'Plaz geschéckt ginn, heescht et am Bulletin.

Beim 75 Joer ale Mann konnt du just nach den Doud festgestallt ginn, heescht et weider.

Anescht wéi plazeweis an der geschriwwener Press ze liese war, wier et net déi selwecht Patrull gewiescht ewéi Mëttes an et wier och kenge Leit suggeréiert ginn, net d'Press ze kontaktéieren.

Am Police-Bulletin gëtt och rappeléiert, datt bei engem Verdacht op e medezineschen Noutfall den 112 soll geruff ginn.

D'Police judiciare ermëttelt an de Parquet huet eng Autopsie ugefrot.

Back to Top
CIM LOGO