
D'Bäckerei Fischer engagéiert sech a ville Beräicher ewéi Gesondheet, Wuelbefannen, Kannererzéiung oder sozial Aktiounen. Dëst Joer ënnerstëtzt se op en Neits d'Fondation Cancer Lëtzebuerg.
Zanter méi ewéi 25 Joer sinn Opklärung, Hëllef a Fuerschung déi dräi Piliere vun der Fondation Cancer Lëtzebuerg. Hir Ekippe bidden eng komplett Gamm vu Servicë fir Patienten a Familljen un. Se kommunizéieren och aktiv iwwer d'Preventioun an d'Liewe mat oder no enger Kriibserkrankung.
Jiddweree vun eis ass op iergendeng Aart a Weis mat Kriibs konfrontéiert. Dofir ass déi erneit Ënnerstëtzung vun enger Struktur ewéi der Fondation Cancer Lëtzebuerg an hire Projeten e wichtegt Engagement fir de Betrib Fischer.

An deem Zesummenhang gëtt et vun e Mëttwoch dem 21. Februar un „Energiebréidercher“ mat Nëss, Sonneblummekären a Cranberryen an all de Fischer-Bäckereien ze kafen. Fir all Bréitchen, dat kaaft gëtt, spent Fischer 0,10 € un d'Fondation Cancer Lëtzebuerg. All déi gesammelt Spenden droen dozou bäi, datt d'Projete vun der Fondatioun weiderentwéckelt a weidergeféiert kënne ginn. Loosst eis all zesumme Kriibs bekämpfen!