No Hallefnuecht klëmmt de Präis fir e Liter 95er Bensinn ëm 3,5 Cent op 1,824 Euro.
Beim Diesel ass et um Liter eng Hausse vun 3,8 Cent op 1,875 Euro.
De Masutt gëtt ëm 3,5 Cent de Liter méi deier a klëmmt op 1,314 Euro.
Den LPG wäert ëm 3,2 Cent de Liter op 0,786 Euro klammen.
Beim Propan en vrac ménager ass et eng Hausse vun 2,3 Cent de Liter op 0,792 Euro.
