
Méi wéi 1.700 Persounen, dovunner 1.233 Passagéier, déi gréisstendeels aus Groussbritannien an Irland kommen a 514 Membere vum Equipage sinn de Moment op engem Croisièresschëff vun der Gesellschaft Ambassador Cruise Line zu Bordeaux a Quarantän. D'Schëff ass an der Nuecht op e Mëttwoch vu Brest aus an déi franséisch Stad gefuer.
Grond fir d'Quarantän ass den Doud vun engem Passagéier, engem Mann iwwer 90 Joer, an de Verdacht op eng akut Mo-Daarm-Infektioun. Eng ronn 50 Leit u Bord solle Symptomer hunn, déi op den Noro-Virus hindeiten. Si musse sech iwwerginn an hunn Duerchfall. D'Gesondheetsautoritéiten hunn Analysen an Optrag ginn, fir erauszefannen, ob wierklech de Noro-Virus dofir verantwortlech ass.
Dat konnten éischt Tester, déi u Bord gemaach goufen, net confirméieren. Dofir ginn awer elo weider Analysen an engem Spidol zu Bordeaux gemaach. D'Autoritéite schléissen awer och net aus, datt et Problemer mat de Liewensmëttel u Bord ginn huet. Den Hanta-Virus, deen op engem Croisièresschëff, dat tëscht Argentinien an dem Cap Vert ënnerwee war, soll an dësem Fall net fir d'Situatioun verantwortlech sinn.
Déi éischt Symptomer sinn den 11. Mee opgetrueden, wéi d'Schëff nach zu Brest war. De betraffene Passagéier ass nach gestuerwen, éier d'Schëff zu Bordeaux ukomm ass. D'Schëff war de 6. Mee op de Shetland-Insele fortgefuer a war dotëscht zu Belfast, Liverpool an ebe Brest stoe bliwwen. Vu Bordeaux aus, wou d'Schëff elo festgesat gouf, sollt et weider a Spuenien goen.
Zanter e Mëttwoch am spéide Moie läit d'Schëff elo zu Bordeaux um Quai. U Land goufe bis ewell keng speziell Sécherheetsmesurë getraff.