Sponsored Content„Past Forward“ Esch2022 – Ofschléissende Réck- an Ausbléck

RTL Lëtzebuerg

Fir de Projet Esch2022, Europäesch Kulturhaaptstad formell ofzeschléissen, sinn elo verschidden offiziell Ofschlossberichter un d' Europäesch Kommissioun geschéckt an eng flott Publikatioun fir de Grand Public hei publizéiert ginn. Gedréckten Exemplaire kënnen op info@esch2022.lu ugefrot ginn.

Viru knapp engem Joer huet Esch2022 zesumme mat Kaunas2022 an NoviSad2022 hiren Nofollger fir 2023 zu Athen den Titel Europäesch Kulturhaaptstad weiderginn, dëst fir déi éischte Kéier an dëser Form an der Geschicht vun de Kulturhaaptstied. Och dëst Joer gouf esou eng Zeremonie viru kuerzem am Akropolis Musée ofgehalen. Datt et sech net ëm  grouss Evenementer oder Kulturjore handelt, mee ëm een Netz vu laangfristege Projeten, déi d'Regiounen uechter Europa nohalteg veränneren, dat geet och kloer aus de Esch2022-Rapporten ervir. Villes bleift: nei Kulturplazen, Konzepter a Projeten déi weider ausgeschafft ginn, Netzwierker déi sech weider entwéckele wäerten.

Fir och an Zukunft de Spueren déi Esch2022 hannerléisst eng Visibilitéit ze ginn, hu mir e Logo entwéckelt, deen all Projetspartner weider ka benotzen", esou d'Nancy Braun, Generaldirekter vun Esch2022. "Vill Partner kommunikéiere schonn iwwert  d'Weiderentwécklung vun hire Projeten oder Plazen, déi am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad entstane sinn. Et mécht jidderee, deen implizéiert war - Initiateuren, Protagonisten, Ënnerstëtzer, Bierger a Gäscht - houfreg an erënnert déi nächst  Generatiounen drun datt et derwäert ass Iddie wéi Som ze kultivéieren, fir datt se kënne wuessen a sech verwuerzelen, dat  iwwer déi üblech Grenzen eraus."

D'Rapporte kënnen iwwer dës Säit erofgeluede ginn:

https://www.esch2022-impacts.lu/


Back to Top
CIM LOGO