Klibberen zu ManternachAll Joers fir Ouschtere geet d'Charline Duhr duerch d'Duerf klibberen

Christophe Hochard
Dat 8 Joer aalt Meedchen ass Massendénger. Dat Eenzegt nach zu Manternach.

Zesumme mat senger klenger Schwëster an e puer Frëndinnen geet dat 8 Joer alt Meedchen all Joers fir Ouschteren duerch d’Duerf klibberen. Vun Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg sinn si zu enger Handvoll ënnerwee. Moies, Mëttes an Owes. D’Klibbere sinn Ierfstécker vun der Famill. De Weenchen ass geléint a gouf mat vill Häerzblutt dekoréiert.

Klibberen zu Manternach
All Joers fir Ouschtere geet d’Charline Duhr duerch d’Duerf klibberen.

Un all Hausdier gëtt geschellt. Ouschterlidder gi gesongen an als Merci kritt d’Charline Duhr a seng Frëndinnen dann eng Belounung. Vu Schockelaseeër, iwwer haart gekachten Eeër bis Suen.

D’Klibberen ass eng al Traditioun. D’Massendénger ersetzen d’Klacken déi jo bekanntlech op Roum gepilgert sinn. Den 20. Dezember 2022 gouf d’Klibberegoe vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO