E Samschdeg gouf am nationale Futtball-Championnat de kompletten 23. Spilldag gespillt. De Leader an der Tabell FC Déifferdeng krut et mam Tabellenzweeten US Munneref ze dinn an Diddeleng war op Besuch am Stade de la Frontière.
Den F91 konnt sech dann och auswäerts géint d’Jeunesse Esch mat 1:0 duerchsetzen. De Gol vum Dag huet den Azevedo Magalhaesan der 28. Minutt markéiert. Zemools an der zweeter Hallschent hu béid Ekippen virun 802 Spectateuren villes vermessen gelooss. An der Schlussphase sollt et wuel nach emol hektesch ginn, ass den Diddelenger Gavioli mat Giel-Rout an de Jeunesser Klisuric no enger Tätlechkeet mat Rout vum Terrain geflunn. Um Spillstand sollt sech awer näischt méi doen.
An enger spannender Partie op Aenhéicht huet sech am Spëtzematch Munneref duerch 2 spéit Goler vum Stoltz (78') an Deher (86') mat 2:1 zu Déifferdeng behaapt. Laang Zäit louch Déifferdeng duerch dem Abreu säi Gol a Féierung, Hadji an Abreu haten weider gutt Chancen, déi sie net konnten notzen. An esou kruten d’Gäscht an der 78. Minutt duerch e Foulspill vum Anzico um Kumbi een Eelefmeter zougesprach. Nom Stolz sengem Ausgläich per Penalty war de Match an der Schlussphase komplett oppen, a béid Formatiounen wollten elo déi 3 Punkten. No engem Corner an der 86. Minutt konnt den Deher per Kappball den 2:1-markéieren. Déifferdeng huet wuel nach emol alles versicht, e Gol sollt hinnen awer net méi geléngen. No bal 3 Joer ouni Nidderlag verléiert Déifferdeng rëm Doheem.
Atert Biissen huet duerch eng staark zweete Hallschent net onverdéngt mat 2:0 géint de Progrès Nidderkuer gewonnen. De Ferber ass duerch säin Doppelpack bannent 5 Minutten (65', 70') zum entscheedenden Spiller avancéiert.
Munneref bleift d’Ekipp vun der Stonn. No der drëtter Victoire um Stéck, an dat géint de Leader vun Déifferdeng, steet den USM an der Tabell wuel weider op der 2. Plaz, de Réckstand op Déifferdeng leit awer nëmmen nach bei 1. Punkt. Diddeleng steet no der Victoire géint d’Jeunesse op der 3. Plaz, 2 Punkten hannert Déifferdeng. Biissen, déi 2:0 géint Nidderkuer gewonnen hunn, sti sengersäits och just 3 Punkten hannert der 1. Plaz, nämmlecht wéi Stroossen, déi den Derby géint Mamer konnte wannen. De Championnat ass deemno aktuell sou spannend wéi scho laang net mei.
Am Tabellekeller ka Rodange eng verdéngten a gläichzäiteg wichteg 3:1-Victoire géint Rouspert feieren. Fir déi Rodanger war et déi zweete Victoire noeneen, wat der Ekipp vum Fahrudin Kuduzovic weider Motivatioun fir déi nächste Woche wäert ginn.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Jeunesse Esch - F91 Diddeleng 0:1
0:1 Azevedo Magalhaes (28')

FC Rodange - Victoria Rouspert 3:1
1:0 Mbombo (40'), 1:1 Faldey (52'), 2:1 Amiri (55'), 3:1 Mbombo (81')
US Hueschtert - UN Käerjeng 0:2
0:1 Dieye (30'), 0:2 Bellali (70')
Atert Biissen - Progrès Nidderkuer 2:0
1:0 Ferber (65'), 2:0 Fernandes (70')
FC Mamer - Una Stroossen 0:1
0:1 Perez (87')

Racing Union - Union Titus Péiteng 0:0
Jeunesse Kanech - Swift Hesper 0:2
0:1 Bochu (14'), 0:2 Kaloga (87')
FC Déifferdeng - US Munneref 1:2
1:0 Abreu(35') , 1:1 Stoltz (78'), 1:2 Deher (86')