No 36 Joer Beruffspompjee an d’Pensioun"E jonkt Meedchen huet meng Hand gehalen an net méi lassgelooss"

Pierre Weimerskirch
No méi wéi 36 Joer geet de Claude Karpen vum CGDIS an d’Pensioun. Hien kuckt zeréck op eng Carrière mat dausende vun Asätz am Déngscht vun aneren.
Den Zesummenhalt an der Ekipp wier wichteg, esou de Claude Karpen.
© Sam Bouchon

Fir de Claude Karpen war et vun Ufank u kloer, wat hie wollt maachen.

“Vu Klengem u wollt ech ëmmer nëmmen e Beruffspompjee ginn.“

Den 1. November 1989 huet hien als Beruffspompjeeën ugefaangen. Virdrun hat hien nach en Handwierksberuff geléiert, deemools eng Viraussetzung, fir kënne Pompjee ze ginn. Elo, no “36 Joer a sechs Méint“, ass Schluss.

No iwwer 36 Joer ass Zäit fir d’Pensioun.

Groussasaz op Industriesite a Kaz um Bam zu Dummeldeng

An där Zäit koumen Dausende vun Asätz zesummen. Verschiddener si méi aussergewéinlech, zum Deel och ganz speziell.

Sou erënnert hie sech un en Asaz zu Dummeldeng: “Mir krute gemellt, datt eng Heck géif brennen, obwuel et de ganzen Dag gereent hat.“

Schlussendlech war et awer e grousst Industriefeier bei der Arbed: “Dat ass ausgaangen op eng Alerte générale a mir ware bis deen aneren Dag mëttes am Asaz.

Wéi aus enger banaler Meldung e laangen Asaz bei engem Industriefeier gëtt.

E méi witzegen Asaz gouf et méi spéit och zu Dummeldeng. Eng Fra hat den 112 geruff, wéinst enger Kaz op engem Bam, dat op 30 Meter Héicht.

D’Madamm huet gefrot, ob mer de Bam net kéinten ëmzéien, wéi beim Tarzan.

Wat d’Kaz am Bam mam Tarzan ze dinn huet.

Zuchaccident zu Hollerech

De Claude Karpen war och um Zuchaccident zu Hollerech. En Asaz, deen hie bis haut gepräägt huet. Mat Schéier a Spreizer goufe Persounen aus dem accidentéierten Zuch befreit. Eng Situatioun ass him besonnesch am Kapp bliwwen: “E jonkt Meedchen huet meng Hand gehalen an net méi lassgelooss.“ Dat si Momenter, déi een ni vergësst.

E schwieregen Asaz beim Zuchaccident zu Hollerech.

E Beruff am Wandel

Iwwer d’Joren huet sech vill geännert. “Wéi ech ugefaangen hunn, ware mir ëm déi honnert Beruffspompjeeën“, seet hien. Haut ass de System vill méi professionell opgebaut.

Och d’Ausbildung ass méi intensiv ginn. Fréier war d’Ausbildung véier Méint, haut dauert se zwee Joer. Dobäi kommen déi nei Technologie: “Mat Drone kann een haut Biller vun uewe maachen an taktesch aneschters virgoen.“

An der Pensioun wëll de laangjärege Pompjee eppes anescht maachen an net als Fräiwëllege virumaachen.
An der Pensioun wëll de laangjärege Pompjee eppes anescht maachen an net als Fräiwëllege virumaachen.
© Alexandre Benavente Martingil

Trotzdeem bleift de Kär vum Beruff dee selwechten.

“E Beruffspompjee gëtt een, wann een de Leit an Nout wëllt hëllefen an eppes Guddes fir d’Gesellschaft maache wëll.“

Erfarung spillt dobäi eng grouss Roll. “Wat ee méi laang dobäi ass, wat ee méi Erfarung huet”, seet hien. Dofir ginn d’Ekippen och gemëscht: Déi Jonk léiere vun den Eeleren.

Back to Top
CIM LOGO