Direkt e puer Facteure géifen dofir schwätzen: Déi duerch den Irankrich ausgeléiste Kris wier global. International Impakter wäerte sech och hei zu Lëtzebuerg weisen. Dobäi kéimen hausgemaachte Problemer, déi mer net am Grëff hunn. Stéchwuert, Logement. Mir missten ons elo op ons eege Kräfte konzentréieren.
Dee laangjärege Regierungschef ass der Meenung, datt a breeden Deeler vun der Politik a warscheinlech och vun der Bevëlkerung, d’Gesamt-Konsequenze vum Iran-Krich massiv ënnerschat ginn. D’Inflatioun wäert an den nächste Méint iwwer d’Zil vun der Europäescher Zentralbank, wat bei 2% läit, klammen, mat als Konsequenz, datt d’EZB d’Zënsen unhiewe wäert, sou de Jean-Claude Juncker.
Mir missten oppassen, datt mer net ausser Otem kommen. Dofir wier eng gewëss Zréckhalung bei bestëmmte politesche Fuerderungen, déi net an eis Zäit passen néideg.
Datt d’Verschëldung vum Staat vun ugangs den 2000 Jore bis Haut vun 8 op elo 26% gewuess ass, féiert de fréiere Staatsminister deels op déi massiv Rettung vu Lëtzebuerger Banken wärend der internationaler Finanzkris zeréck. ‘’ D’BIL, BGL déi waren um Punkt fir ofzesaufen, ... mat verhäerte Konsequenzen. ‘’ Dat wier eng positiv Schold. Grad esou, wéi Geld geléint gëtt, fir Infrastrukturprojeten ze finanzéieren.
Elo kéime mer lues a lues un d’30% Staatsschold erun. ‘’ Ass dat eng Katastroph? ‘’ De Jean-Claude Juncker stellt d’Fro an ënnersträicht, dat déi Grenz eng eege Formuléierung vun der Lëtzebuerger Politik ass. Déi hir Berechtegung hätt, fir dat net gemengt gëtt, et kéint een onbegrenzt Schold maachen. Just Däitschland, Holland a Lëtzebuerg hätten nach den Triple A an Europa. Schold déi Zukunfts-Investitiouns-méisseg gemaach géif, misst e kënnen acceptéieren.
Et géif Sënn maachen, reegelméisseg de Mindestloun unzepassen. A fir en och weiderhin indexéiert ze loossen. Wat eng duebel Upassungs-Avenue wier, déi et an där Form soss néierens géif ginn.
Musse mir wéi d’Belsch op engem Ament onsen Index iwwerschaffen, zum Beispill wat d’Pëtrols-Produkter ubelaangt? ‘’ Dat hu mer scho viru laang Jore virgeschloen, fir d’Pëtrols-Produkter aus der Indexberechnung eraus ze huelen oder fir se zu mindestens an hirer Durchschlagskraaft ze schwächen. ‘’ sou d’Reaktioun vum fréiere Premier. Dat wier deemools op de verbatterte Widderstand vu ville Parteien an de Gewerkschafte gestouss.