Sponsored ContentRichteg kache mam richtege Miel

RTL Lëtzebuerg
Et ginn eng sëlleche verschidden Zorte vu Miel an et ass net ëmmer einfach den Duerchbléck ze hunn.

Wat fir e Miel soll ech fir mäi Rezept huelen? Firwat ass Vollkarmiel gutt? Mat wat fir engem Miel kann ech mäin eegent Brout oder meng eege Pizza maachen?

Dëst sinn alles Froen déi ee sech séier stellt, wann een am Geschäft am Rayon virun all de verschiddenen Zorte vu Miel steet.

Miel ass awer net ëmmer nëmme Miel! Et ass ganz wichteg déi richteg Zort ze huelen, datt e Rezept och eng Reussite gëtt. Et ass engem nämlech net méiglech, fir mat der selwechter Zort vu Miel den Deeg fir Paangecher, fir e Kuch oder fir e Brout, ze maachen. Wéi soll ee sech dann uleeën?

Fir d’éischt musst Dir erausfannen, wat fir en Typ vu Miel ( T45, T55, asw. ...) Dir fir Äert Rezept braucht. Dës Informatioun fënnt een awer dacks an der Beschreiwung vum Rezept oder op der Tut vum Miel selwer.

Den Typ vum Miel gëtt iwwert den Undeel vun Äsche bestëmmt, also de Gehalt vu Mineralstoffer déi aus der Schuel vum Weess ermëttelt ginn. Wat dëse Gehalt méi niddereg ass, wat d’Miel och méi hell ass. Och ëmgedréint, wat den Äschegehalt méi héich ass, wat d’Miel méi Mineralstoffer enthält a sou méi vollstänneg ass.

Wann ee sech un dës Basisreegelen hält, da kënnt Dir uschléissend tëscht konventionellem, lokalem oder bio Miel, entscheeden.

Déi nei lëtzebuerger Marque LE MOULIN wollt dem Verbraucher an dëser Saach hëllefen. Op all hire Päck steet nämlech de Genre vu Rezepter déi ee mat deem Typ vu Miel preparéiere kann. All Informatioun ass also kloer unhand vun engem System vu Piktogrammen erauszefannen. Dir fannt e Miel fir Pizzaen, en Dinkelmiel fir selwer gematent Brout a souguer e GASTRONOMIE-Miel fir méi flësseg Zoubereedungen. Dës Neiheet kënnt duerch e speziellt Siffverfaren, wéint deem een duerch déi fein Textur, den Deeg fir Paangecher, Wäffelcher, oder souguer fir Zosen, ouni Knäpp zoubereede kann. Et ass also eng richteg Freed fir mat Erfolleg ze kachen, alles 100 % lokal!

Back to Top
CIM LOGO