Sponsored ContentSech weiderbilden an entwéckelen: Huelt Är Zukunft an d'Hand

RTL Lëtzebuerg
© fotodelux

D'Welt verännert sech rasant an all dës Entwécklungen hunn en direkten Afloss op eisen Alldag an op eis Aarbecht. D'Fortschrëtter an der Technologie, d'ekologesch Erausfuerderungen an d'Verännerunge vum Aarbechtsmaart maachen et onëmgänglech, e Liewe laang ze léieren, fir sech un d'Changementer unzepassen, sech weiderzeentwéckelen a seng Zukunft aktiv gestalten ze kënnen.

Liewenslaangt Léieren, dat heescht effektiv, sech d'Moyenen ze ginn, fir sech ze entfalen, berufflech weiderzekommen a mat deenen neie Kompetenzen, déi gefrot ginn, Schratt ze halen.

Sief et, fir sech a sengem Beruff weiderzeentwéckelen, en neie Wee anzeschloen oder einfach nëmmen eis Welt besser ze verstoen, den Ausbau vun de Kompetenzen ass de Schlëssel, fir seng Zukunft a Rou ze gestalten.

lifelong-learning.lu: en onverzichtbaart Portal, fir déi richteg Formatioun ze fannen

D'nationaalt Portal fir liewenslaangt Léieren, dat vum INFPC geréiert gëtt, ass eng wichteg Ressource, fir Privatpersounen an Entreprisen op hirem Formatiounsparcours ze begleeden.

lifelong-learning.lu presentéiert iwwer 12.500 Formatiounen, déi vun 320 Member-Formatiounsinstituter ugebuede ginn. Si sinn ënnerdeelt a Formatiounsdomäner ewéi Sproochen, Informatik, Finanzen oder perséinlech a berufflech Weiderentwécklung.

Iwwer d'Sichmaschinn a speziell Filtere fir d'Plaz, d'Dauer, de viséierten Niveau, d'Sprooch oder d'Auerzäite fënnt hei jiddwereen déi Formatioun, déi senge Besoinen entsprécht.

D'Portal regruppéiert och all nëtzlech Informatiounen, fir seng Formatioun ze organiséieren, sech iwwer disponibel Bäihëllefen ze informéieren a fir a sengem Projet an a sengem Beruffsliewe weiderzekommen.

Bäihëllefen, fir Iech weiderzebilden

Fir Formatiounen a sengem Domaine d'expertise matzemaachen oder awer sech Kompetenzen unzëeegnen, déi vun den Employeure gefrot ginn, kënne Privatpersoune bei der Gestaltung vun hirem beruffleche Parcours Bäihëllefen am Formatiounsberäich an Usproch huelen.

Hëllefsmoossnamen am Beräich vun der Formatioun, déi u gewësse Bedéngunge gebonne sinn, kënnen a verschiddene Formen ugebuede ginn:

  • Spezialcongé, ewéi den individuelle Formatiounscongé, mat deem een iwwer méi fräi Zäit verfüügt, fir op eegen Initiativ u Formatiounen deelzehuelen. Am Laf vun engem Beruffsliewe kënne bis zu 80 Deeg Formatiounscongé an Usproch geholl ginn.
  • D'Organisatioun vun der Aarbechtszäit fir sech weiderzebilden. Hei ginn zwee Dispositiffen ugebueden, déi et Privatpersounen erméiglechen, hir Aarbechts- an hir Formatiounszäit anzedeelen: de perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit an den onbezuelte Formatiounscongé.
  • spezifesch Finanzbäihëllefen ewéi d'steierlech Ofsetzbarkeet oder d'staatlech Bäihëllef fir Héichschoulstudien.

An Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen organiséiert den INFPC Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

Déi nächst Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • méindes, den 13. Oktober 2025 op Franséisch (18:00-19:00 Auer)
  • méindes, den 20. Oktober 2025 op Lëtzebuergesch (18:00-19:00 Auer)

Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen. D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op www.infpc.lu/inscription-aides.

Seng Erfarung iwwer de Wee vun der VAE unerkenne loossen

D'Validation des Acquis de l'Expérience (VAE) bitt jiddwerengem, onofhängeg vu sengem Alter, sengem schouleschen Niveau oder sengem beruffleche Status, d'Méiglechkeet, seng Erfarung unerkennen ze loossen. Dësen Dispositif erméiglecht et, en Diplom oder Zougang zu enger Formatioun ze kréien oder fir bestëmmte Modülle vun engem Studiegang Dispensen accordéiert ze kréien. Eng vun den Haaptbedéngungen ass, datt een op d'mannst dräi Joer Erfarung an engem Beräich, deen an direktem Zesummenhang mam viséierten Diplom steet, noweise kann.

Déi follgend Diplomer si vun der VAE betraff:

  • de CCP, den DAP, den DT genee ewéi den Diplôme de fin d'études secondaires générales an d'Meeschterkaart;
  • de BTS, ausschliisslech am Hibléck op den Zougang zu Studiegäng oder op d'Erhale vun Dispensen;
  • d'Master- a Bachelor-Studiegäng, ausschliisslech am Hibléck op den Zougang zu de Studiegäng oder op d'Erhale vun Transfertkreditter oder Dispensen

D'VAE ass en zousätzleche Wee, fir Zougang zu Diplomer ze kréien. Si setzt viraus, datt d'Kandidaten sech perséinlech engagéieren, andeem si e kompletten Dossier opstellen. Déi jeeweileg Demarchen an déi zoustänneg Organismen hänke vum viséierten Diplom of.

Méi doriwwer gewuer gitt Dir an den Informatiounsveranstaltungen, déi den INFPC zesumme mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffschamberen organiséiert:

  • méindes, den 29. September 2025 op Franséisch (18:00-19:00 Auer)
  • mëttwochs, den 1. Oktober 2025 op Lëtzebuergesch (18:00-19:00 Auer)

Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen. D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op https://www.infpc.lu/seances-d-information/lu#vae.

Back to Top
CIM LOGO