
Stell dir vir: Du bass verléift, vläicht fir déi éischte Kéier an dengem Liewen. D'Gefiller, déi s de erliefs, sinn intensiv a voller Opreegung. All Gedanke kreesen ëm déi eng speziell Persoun, an du kanns et kaum erwaarden, all fräi Minutt mat hir ze verbréngen. Awer och wa physesch beieneen ze sinn net ëmmer méiglech ass, bidden déi haiteg sozial Medien a Messenger-Plattformen d'Méiglechkeet an engem stännegen Austausch ze bleiwen.
An dëse Momenter vun emotionaler Héichspannung kann et virkommen, datt een intim Noriichten austauscht oder souguer Fotoen a Videoen deelt. Egal ob s du dengem Partner aus engem déiwe Verlaangen eraus deng Zouneigung a Verbonnenheet ausdrécke wëlls, oder mat engem Frieme mol eppes Neies ausprobéiere wëlls – hei gëtt dacks spontan gehandelt, ouni laang iwwer d'Konsequenzen nozedenken. Vläicht deelt een dës Inhalter awer och aus enger Angscht eraus, den aneren net enttäuschen ze wëllen, wann en duerno freet.
BEE SECURE réit dir fir d'éischt kuerz nozedenken a sech ze froen: Bass de sécher, datt s du dës intim Inhalter deele wëlls? D'Aline Hartz, Expertin bei der BEE SECURE Helpline, erkläert: „D'Decisioun, perséinlech an intim Inhalter ze deelen, soll bewosst getraff ginn, well se wäitreechend Auswierkungen hu kann.“
Den Austausch an d'Verschécke vun intimen Noriichte souwéi vu selwer gemaachte Fotoen a Videoe gëtt als „Sexting“ bezeechent. Wichteg ass et awer ze wëssen, datt et och beim „Sexting“ Risike gëtt, déi oft ënnerschat ginn:
„Bei der BEE SECURE Helpline ginn ëmmer méi dacks Fäll vu „Sextortion“ gemellt“, zielt d'BEE SECURE Helpline Expertin. Heibäi handelt et sech ëm eng Form vun Erpressung, bei där d'Täter domat droen, virdru gedeelten intim Biller/Videoen ze verëffentlechen oder ze verbreeden, ausser d'Persoun erfëllt bestëmmte Fuerderunge wéi Geld ze bezuelen, sexuell Gefällegkeeten oder aner Handlungen duerch ze féieren. Täter kënnen onbekannt Persoune sinn, déi sech als een aneren ausginn a via Social Media oder Messaging-Plattforme Kontakt ophuelen. Täter kënne awer och Ex-Partner oder fréier „Frënn“ sinn, déi eng Zort Revancheaktioun ausféieren.
„Wichteg ass et hei, e kille Kapp ze behalen; Beweiser ze sécheren, d'Noriichte vum Täter ze ignoréieren an eng Annonce bei der Police ze maachen. Duerno soll een d'Biller selwer am Chatverlaf läschen an den Täter beim Säitebedreiwer gemellt a blockéiert ginn“, riet d'Aline Hartz. Zousätzlech soll een net méi äntweren an de Kontakt blockéieren. „Virun allem awer, soll een domat net eleng bleiwen! Ob bei der Famill, Frënn oder enger anonymmer Ulafstell, wéi bei der BEE SECURE Helpline - wann een Affer vu Sextortion gëtt, kann een Hëllef kréien“, ënnersträicht d'Expertin.
BEE SECURE warnt virun allem bei Sexting tëscht Mannerjäregen: D'Hierstellung, de Besëtz, d'Verschécken, d'Verbreeden oder d'Ufro vun Nacktbiller oder änlechen Inhalter vu Jugendlechen ënner 18 Joer kënnen als Duerstellung vu Kannermëssbrauch (CSAM) agestuuft ginn a si gemiess dem Strofgesetzbuch strofbar.
Averständnes ass heibäi vun zentraler Bedeitung. Béid Parteie sollen sech eens sinn a sech wuel fillen, intim Inhalter auszetauschen, ouni datt een dozou gedréckt gëtt. Et soll een ëmmer zweemol iwwer d'Konsequenzen nodenken, well emol verschéckten Inhalter net méi ënnert engem senger vollstännege Kontroll sinn.
Vermeide soll een, d'Gesiicht oder eegenaarteg Charakteristiken, déi dozou féiere kënnen een ze identifizéieren, ze weisen, fir d'Anonymitéit ze behalen an d'perséinlecht Risiko ze miniméieren (z.B. Tattooen, Muttermal, Hannergrond). Benotze soll ee verschlësselt Servicer, d'Apparater solle mat staarke Passwierder an aktualiséierte Sécherheetsastellungen geséchert sinn.
Et ass entscheedend virum Deelen sech gutt ze iwwerleeën, ob ee wierklech sécher ass, sou Inhalter verschécken ze wëllen.
Dofir soll een sech ëmmer froen: Bass de sécher, datt s du bereet bass, d'Verantwortung fir deng perséinlech Inhalter an déi vun dengem Partner ze iwwerhuelen?
Méi Informatioune ginn et am BEE SECURE Ratgeber „Nackt im Netz“ oder an dësem Artikel iwwer Sexting op der BEE SECURE Websäit.
Wann een Affer ginn ass vu Sextortion, NCII oder och wann ee generell Informatiounen iwwer déi sécher Notzung vum Internet braucht, kann een sech un d'BEE SECURE Helpline ënner follgender Nummer wennen: 8002 1234 (Méindes-Freides vun 9-16h).