Sponsored ContentSteiererklärung - Ni méi Avance bezuelen ? Kee Problem!

RTL Lëtzebuerg

Am Prinzip gi bestuete Koppelen d‘office zesummen an der Steierklass 2 besteiert: deen ee Partner gëtt nom reelle Steiertaux taxéiert an deen anere Partner mat 15 %. Well dësen Taux vu 15 % all ze dacks dann awer ënnert dem reelle Steiertaux läit, mécht d’Steieramt um Enn vum Joer eng Neiberechnung, déi dozou  féiere kann, dass vill Koppelen  d’Joer iwwer Avance bezuele mussen.

Säit dem Aféiere vun der individueller Besteierung op den 1. Januar 2018, kann dëst awer geännert ginn. Och wa bestuete Koppelen nach ëmmer d’office an der Steierklass 2 besteiert ginn, kënne si elo eng individuell Besteierung mat Reallocatioun vu Revenuen ufroen. Heibäi gëtt ee Steiertaux an der Steierklass 1 entspriechend der Gesamtsituatioun vum Haushalt berechent, deen dann op deenen 2 Steierkaarten agedroe gëtt.

Esou entfält de Steiersaz vu 15 % an déi dono an der Steierklass 1 geschellte Steiere ginn direkt um Enn vum Mount vun dem Salaire oder der Rent ofgehalen. Duerch dëst direkt Bezuele vun de geschellte Steiere muss een zwar op all Salaire oder Rent e bëssi méi un d’Steieramt ofginn, mä doduerch ginn déi trimesteriell Avancen iwwerflësseg.

Bestuete Koppelen, déi sech fir eng individuell Besteierung entscheet hunn, mussen dann och eng Steiererklärung ofginn, fir d’Abattementen an Steierreduktioune kënnen unzefroen.

Falls Dir och elo Är Besteierungsmethod fir d’Joer 2020 wëllt änneren, musst Dir dat unhand vum Formular 166 vum Steieramt maachen. Äre Choix kann awer och nees réckgängeg gemaach ginn.

Mä wéi gesäit dann elo Är perséinlech Situatioun aus? Wat ass besser, eng gemeinsam Besteierung an der Steierklass 2 oder eng individuell Besteierung an der Steierklass 1?

Den LCGB bitt senge Memberen eng Simulatioun vun deenen 2 Fäll fir all perséinlech Situatioun un, fir erauszefannen, wéi eng Besteierung am favorabelsten ass. Den LCGB hëlleft och beim Ausfëlle vun der Steiererklärung an der Demande fir ee Changement vun der Besteierungsmethod.

Back to Top
CIM LOGO