Sponsored ContentVakanz doheem: Guidéiert Tier an der Regioun Guttland

RTL Lëtzebuerg
Gréng Landschaften, friddlech Dierfer, houfreg Buergen,… sou gëtt d’Guttland vu senge Visiteuren erlieft.

Mä déi zentral Regioun vum Grand-Duché huet méi wéi eng Iwwerraschung ze bidden: Verbuerge Schätz a charmant Ecker verstoppe sech do, wou Dir Iech et net géift erwaarden. Iwwerzeegt Iech dervun a maacht mat bei enger vun deene sëlleche Besichtegungen, déi fir d’Saison 2019 ugebuede ginn.

An de Gäert vum Aansebuerger Schlass tëscht mythologesche Skulpturen a Sprangbure spadséieren; sech en Abléck an d’Liewe vun engem räichen Treverer verschafen an d’Iwwerreschter vun där schmocker Villa bei Giewel erfuerschen; déi futuristesch Architektur vum Drénkwaasserspäicher um Rébierg bewonneren a vu senger ieweschter Spëtzt erof dem Sonnenënnergank nokucken – dat kënnt Dir alles a Begleedung vun engem kënnege Guide erliewen an dobäi och nach deen een oder aneren Insidertip mat ewechhuelen. A wa mer scho vun Insider schwätzen – déi Mierscher Geschichtsfrënn invitéieren op d’Entdeckung vun hirer Stad an der geographescher Mëtt vum Land.

Am imposanten Tuerm vun der Useldenger Buerg kënnen historesch Interesséierter sech eng billerräich Ausstellung iwwert d’Liewen am Mëttelalter ukucken. Hei gëtt et ausserdeem een Entdeckungspad, speziell fir blann Persounen. Mat vill Fachwëssen a Léift zum Detail sinn déi vill kleng Muséeën ageriicht: den Aulebäcker-Musée zu Nouspelt, de Musée fir aalt Handwierk zu Biekerech, de Brennereismusée zu Kielen, d’Gebuertshaus vum berühmte Geolog Michel Lucius zu Rëmmereg oder d’Thillenvogtei zu Randschelt – si all maachen aus Ärem Openthalt an der Guttland Regioun ee spannend an léierräicht Erliefnis.

Hannert där geheimnisvoller Bezeechnung « Raschpëtzer » verstoppt sech am Bësch bei Hielsem an der Gemeng Walfer ee beandrockenden Zeie vun altertëmlecher Technik: mir schwätze vun engem ënnerierdeschen Aquädukt aus der Réimerzäit, deem seng Visite vun engem ausgewisenen Expert gefouert gëtt.

Wann Dir doriwwer eraus Loscht op aussergewéinlech Erliefnesser hutt, da sollt Der onbedéngt un enger Nuetsféierung deelhuelen, zum Beispill duerch d’Naturreservat Schlammwis zu Uewersyren oder iwwert de Geschichtspad zu Kielen. Ënnert dem Motto Guttland by Night gi vill vun deene Besichtegungen an enger ganz besonnescher Atmosphär ofgehalen. Sou erschéngen zu Miersch all déi kuckenswäert Plazen an engem mäerchenhafte Liicht.

Zu Biekerech féiert eng Fakelwanderung queesch duerch Geschicht a Geschichte bis bei d’Kapell vum Kuelebierg an ennegt, no engem musikaleschen Intermezzo, mat enger Lëtzebuerger Spezialitéit, der Bouneschlupp. Ee magesche Glanz geet vun der Useldenger Buerg an der Gieweler Réimervilla am Schäi vun de Fakelen aus.

An dat ass alles nëmmen ee klengen Deel vun deenen erstaunlechen Entdeckungen a Renconteren, déi am Guttland dëst Joer op Iech waarden. Egal wou Dir hierkommt an zu wéi enger Joreszäit Dir eis besicht, d’Zäit wäert Iech net laang ginn!

Back to Top
CIM LOGO